Radioen

On air

Notturno  |  Ideal - Blaue Augen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Immobiliëpräisser klamme weider staark

Logement

D'Immobiliëpräisser klamme weider staark

D'Immobiliëpräisser klamme weider staark. Am éischten Trimester 2021 louchen d'Präisser 17 Prozent méi héich wéi virun engem Joer. Den Trend vun enger aussergewéinlech staarker Hausse hält deemno un - trotzdeem rechnen de Statec an den Observatoire de l'habitat domadder, datt d'Präisser am Laf vum Joer nees manner staark klammen.

auto_stories

2 min

De Julien Licheron ass Fuerscher beim Observatoire de l'habitat. (Foto: Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Tëscht Januar a Mäerz 2021 sinn d'Logementspräisser ëm 4,3 Prozent geklommen. Dat ass eng änlech trimesteriell Augmentatioun, wéi ee se och déi lescht zwee Joren observéiere konnt. A weiderhin däitlech méi wéi virdrun üblech war, seet de Julien Licheron vum Observatoire de l'habitat.

"On continue à avoir des taux de croissance des prix immobiliers qui sont très élevés et qui sont très similaires à ce qu'on avait le trimestre précédent, puisque sur un an on était à 16,7 pourcent au trimestre précédent et là on est à 17 pourcent, donc on est vraiment sur la meme ligne."

Präisshausse net eleng duerch d'Zesummespill tëscht Offer an Demande ze erklären

D'Hausse vun Ufank des Joers wier net d'Resultat vun enger Stagnatioun um Marché, wou wéineg ganz deier Transaktioune gemaach gi wieren, mee hätt éischter mat enger staarker Aktivitéit um Marché ze dinn, sou de Fuerscher. Et hätt een also en héijen Transaktiounsvolume an eng Präisaugmentatioun gläichzäiteg.

Zënter 2018 ginn d'Immobiliepräisser esou staark an d'Luucht, datt et schwéier ass d'Entwécklung reng mam Zesummespill tëscht Offer an Demande z'erklären, esou de Julien Licheron. Aner Facteure wiere méiglecherweis de Brexit (an deemno d'Relokalisatioun vu Firmen op Lëtzebuerg), grad ewéi ee méi groussen Interessi vun Investisseuren um Wunnengsmarché.

"Parce que peut-être ils se sont un peu detournés du bureau et du commerce, au cours de l'année 2019/2020, notamment après les effets de la crise sanitaire. Parce que le marché immobilier résidentiel est peut être aperçu comme plus stable que le marché du bureau ou du commerce."

Den Accès op Wunnraum bleift schwéier

De Statec geet a senger leschter Konjunkturnotiz dovunner aus, datt d'Präisser dëst an d'nächst Joer nach ëmmer staark, mee nees manner extrem an d'Luucht ginn. Och wann hien dozou keng definitiv Ausso kéint maachen, deelt de Julien Licheron déi Erwaardung - de Fuerscher schwätzt vun engem méigleche "Retour à la normale". Domat wier awer keng Baisse vun de Präisser gemengt, mee éischter eng weider , dofir awer manner staark Augmentatioun vun de Präisser, well den Décalage tëscht Offer an Demande weider bestoe géif bleiwen.

Den Accès zu Wunnraum géif deemno weiderhi fir vill Leit méi schwiereg ginn, esou de Julien Licheron. Eng aner Konsequenz wier, datt Leit an net appropriéierte - mee fir si erschwéngleche - Wunnenge bleiwen, well si soss keng Alternativ méi fannen.