Erklärunge vun "Hëllef Doheem" a Generalisten D'Impfunge bei eelere Leit

D'Impf-Phas fir Leit iwwer 75 Joer gouf virun zwou Woche lancéiert. Déi néideg Rotschléi kréien déi Betraffen an der Reegel vun hirem Hausdokter, mee och hir Familljen an d'Stëftung "Hëllef Doheem" si bei der Impfcampagne gefuerdert.

Pierre Reyland

Eng eeler Fra
Foto: Bigstock

Lauschtert de Bäitrag hei


D'Mataarbechter vun "Hëllef Doheem" mussen elo dacks och eeler Leit an d'Impfzentere féieren, wa se net selwer dohi kommen, a soss keen hunn, deen hëlleft. Mee och d'Gemengen a virun allem Famillje kennen do vill hëllefen, seet den Direkter vun Hëllef Doheem, Benoît Holzem.

Kuerz Delaien fir ee Rendezvous

D'Invitatiounen, fir en Impf-Rendezvous ze huelen, wiere méi kloer ginn. An eeler Leit, déi net wëllen oder net kënnen op den Internet goen, kéinte sech och per Telefon umellen. Well Delaie relativ kuerz si misst awer opgepasst ginn, datt d'Invitatiounen net verpasst ginn, seet de Benoît Holzem: et hätt ee seng Clienten appelléiert, d'Bréifboîte am Aen ze halen.

Medezinesch Rotschléi iwwer d'Impfunge kann Hëllef Doheem awer net ginn - dat ass d'Roll vun den Hausdokteren. D'Stéphanie Obertin, Presidentin vum Cercle des Médecins Généralistes ënnersträicht, datt et och hir Roll ass, "d'Leit ze motivéieren, sech impfen ze loossen. Et ass ganz wichteg datt mer esou vill Leit wéi méiglech iwwerzeegt kréien, datt dat am Fong de richtege Wee ass, a wou am Fong keng Gefor besteet."

D'Roll vun de Generalisten

Déi héich vulnerabel Persounen - dorënner Kriibskranker - sinn a véier Kategorien op Lëschte festgehalen, a ginn iwwer dee Wee fir d'Impfung beroden an invitéiert. Fir déi aner iwwer 75 Joer spillt hir medezinesch Virgeschicht wuel eng Roll. Am Impfzenter ass dann och nach eng weider Consultatioun mat engem Dokter. En Dokument vum Hausdokter, mat der eventueller Krankheets-Virgeschicht, kréien d'Leit zwar net, an et géif keen direkten Austausch ginn tëscht dem Hausdokter an den Dokteren an den Impfzenteren. D'Stépahnie Obertin ënnersträicht awer, datt et nom Questionnaire, deen am Impfzenter ausgefëllt gëtt, et normalerweis kee Grond gëtt, d'Leit net ze impfen.

Eng Optioun bei der Impfung ass an Zukunft awer och, datt d'Generaliste Leit an hire Praxen oder bei de Leit Doheem kënnen impfen. Deen Ament misst een dann net méi an en Impfzenter goen. Doriwwer géif den Ament nach diskutéiert, seet d'Stéphanie Obertin: den Zäitpunkt dofir géif dervun ofhänken, wéini d'Impfstoffer vun AstraZeneca an Johnson & Johnson an allen Altersgruppen agesat ginn. Déi Impfstoffer kënne bei normale Frigos-Temperature gelagert ginn a kéinten deemno vun de Generaliste gesprëtzt ginn.

Méi zum Thema

BioNTech/Pfizer-Impfstoff am CHEM
Impfcampagne

De Centre Hospitalier Emile Mayrisch ass dat éischt Spidol am Land, dat mat der Impfung vu Kriibspatienten ugefaangen huet. E Méindeg gouf domat ugefaangen, eng 650 Leit kommen un d'Rei.

Impfen Sprëtz
Irregularitéiten

De Centre Hospitalier du Nord huet eng Plainte géint Onbekannt beim Parquet wéinst Irregularitéite bei der Impfcampagne deposéiert. Dëst deelt de Verwaltungsrot vum Spidol an engem Communiqué mat.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen