Impfcampagne an den USA D'Impfungen an den USA kommen ëmmer méi séier

Wärenddeem an Europa d'Impfunge géint de Coronavirus nëmme lues an déi nächst Phas kommen, ass d'Geschicht an anere Länner ganz anescht. Esou zum Beispill an den USA, wou et an noer Zukunft méi Impfstoff wéi Leit wäert ginn.

Philip Crowther (USA) / cbi

Den Joe Biden bei der 50.000.000ter Impfung
Am Februar goufen et 50 Milliounen Impfungen an den USA. Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Doug Mills

Wien hätt et geduecht. D'Land, dat villäicht mat Brasilien net méi katastrophal op d'Covid-19-Pandemie reagéiere konnt, ass elo bal zum Beispill ginn. D'USA briechen zwar keng Rekorder, mee eng Statistik weist, wéi séier et mat den Impfunge weidergeet. E Véierel vum Land huet schonn op d'mannst eng Dosis kritt.

D'Regierung vum President Joe Biden hat sech an Zil gesat: bis Enn Mee soll all Erwuessenen e Vaccin kréie kennen. Et gesäit aus, wéi wann d'USA dat Zil erreeche wäerten, wann da genuch Amerikaner sech effektiv impfe loosse wëllen.

Den Afloss vum Ex-President

Dat ass nach net garantéiert, well besonnesch vill Supporter vum Ex-President Donald Trump net esou richteg un d'Impfunge gleewe wëllen. Et géif hëllefen, wann hie seng Leit opruffe géif op d'Wëssenschaftler ze lauschtere, mee hie weist sech do éischter stuer.

Et spiert een also nach ëmmer den Impakt vum Donald Trump senger Campagne de Coronavirus net eescht ze huelen. Mee hie wëllt awer och Respekt kréie fir déi vill Vaccinen, déi senger Meenung no nëmme wéinst him esou séier produzéiert goufen.

D'Impfcampagne leeft gutt

Et spiert een awer, datt zanter dem Ufank vum Joe Biden senger Presidence alles méi disziplinéiert ass. D'national Regierung distribuéiert gréisstendeels de Vaccin, duerno ass et un de 50 Staaten d'Impfungen ze organiséieren. A si maachen dat, et schéngt, gutt.

E puer Beispiller: schonn dëse Mount kann all Erwuessenen an de Staaten Georgia, Indiana, an Texas geimpft ginn. Och a villen anere Staaten geet et méi séier, vill méi séier, wéi an Europa zum Beispill. Et gouf vill Vaccin bestallt, an och vill dovun an den USA produzéiert. Esou einfach ass et.

Optimismus an den USA

E bësse chaotesch ass et schonn: esou gouf et e klore Virdeel fir Leit, déi de ganzen Dag um Computer sëtze konnte fir sech anzeschreiwen. Laang Schlaange gouf et besonnesch a Florida. Op ville Plaze waren et net d'Regierungen, déi d'Rendezvousen organiséiert hunn, et war un de Leit, sech esou séier wéi méiglech anzeschreiwen.

Och gouf et Dausende verschidde Reegelen, a vill Weeër, déi Reegelen ze ëmgoen. Leit sinn a Nopeschstaate gereest fir sech impfen ze loossen, zum Beispill.

Mee d'Resultater si gutt. An den USA spiert een d'Hoffnung. An d'Zil vun der Biden-Regierung ass datt um Independence Day, de 4. Juli, Familljen nees zesumme feiere kënnen. Ee Problem: d'Zuel vun den Impfunge geet séier erop. d'Zuel vun de positive Covid-19 Fäll geet net erof. D'USA freeë ech villäicht dach e bëssen ze frei.

An der Mediathéik:

Chronik / / Philip Crowther
Lauschteren

Méi zum Thema

Corona-Impfstoff
Prisma

D'Impfcampagne steet nach am Ufank, mee wann et drëm geet, ob geimpfte Leit spéider méi Privileegie kréie sollen, wiisst den Drock. Et ass wichteg driwwer nozedenken, no wat fir Krittären dat soll geschéien.

Den Joe Biden gouf als neien US-President vereedegt
USA

Eng vun den éischten Amtshandlunge vum neien US-President Joe Biden war et, dem Paräisser Klimaaccord bäizetrieden. Domat huet hien eng vun den ëmstriddensten Decisioune vum Donald Trump réckgängeg gemaach.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen