Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Inflatioun am Alldag vun enger elengerzéiender Mamm

Temoignage

D'Inflatioun am Alldag vun enger elengerzéiender Mamm

D'Inflatioun betrëfft besonnesch Leit mat niddregem Akommes. D'Lucie ass no enger Scheedung virun zwee Joer an d'Aarmut gerutscht. D'Inflatioun spiert déi 31 Joer al Fleuristin besonnesch, déi ee Kand vun dräi Joer huet - een Temoignage.

auto_stories

3 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / HalfPoint

De Reportage lauschterenplay_arrow


Noutgedronge sinn d'Lucie an hiert Kand am Mee bei engem Bekannten ënnerkomm, deen an der Géigend vu Saarlouis am Saarland lieft. Zu Lëtzebuerg hu si keng Wunneng fonnt.

D'Ofsoe koumen entweder wéinst hirem ze niddregen Akommes als Floristin, déi Hallefzäit schafft, oder wéinst hirem Kand.

D'Lucie schafft um Lampertsbierg, ënnerwee bréngt si hiert Kand an eng Crèche zu Waasserbëlleg.

Een Trajet, dee kascht: Virdrun hätt si 100 bis maximal 200 Euro de Mount fir Bensin ausginn, haut géif si awer bei 500 Euro de Mount leien. "Bei 1.300 Euro Akommes ass dat zimmlech vill, et bleift zimmlech wéineg iwwereg."

Wann d'Sue knapp sinn ...

Déi jonk Mamm kritt vun hirem Bekannten och Hëllef fir anzekafen. Fleesch gëtt et just seelen a wann, da just e puer Wirschtercher, zielt si.

Si ass awer frou, datt d'Geméis an d'Uebst nach net ze vill deier ass. Hiert dräi Joer al Kand géif och verstoen, wa seng Mam him net ëmmer alles kafe kann, zielt d'Lucie:

"Hat versteet et awer ganz gutt. Et stoung schonn dacks bei iergendeppes wou et da gesot huet "Ech wëll dat doen elo awer gären" an dann hunn ech him erkläert "Lauschter, ech géif et der jo elo gäre kafen, mee momentan hunn ech einfach net méi sou vill Suen" an do sot et "Ah Jo Mama, et ass net schlëmm! Da gëtt et dat den nächste Mount.""

Déi eege Gesondheet ass net ëmmer virrangeg

Well et soss mat de Suen net duer gaange wier, ass d'Lucie dëst Joer och schonn eng Kéier ee Mount laang krank schaffe gaangen. Eppes, wat een awer net beim Kand maache kann:

"Wann d'Kand krank ass, gees de mam Kand bei den Dokter, dat steet ausser Fro. Awer wann s du da krank bass, dann denks de der gutt, dann iwwersprange mer dat dann eng Kéier."

D'Lucie ass dann awer bei den Dokter gaangen, well et hir net besser ginn ass. Am Endeffekt hat se wochelaang eng schlëmm Sinusite.