Radioen

On air

De Moien  |  Culture The Kid - Glass Walls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Inflatioun spiert een och an den Epicerie-socialen

Reportage

D'Inflatioun spiert een och an den Epicerie-socialen

Iwwer 10.000 Persounen sinn dëst Joer zu Lëtzebuerg an d'Epicerie sociale vun der Caritas an der Croix-Rouge akafe gaangen. Dat ass eng Hausse vu fënnef Prozent am Verglach mam Joer virdrun. An den 12 Epicerie-socialen uechtert d'Land kaschten d'Liewensmëttelen an d'Haushaltsartikelen een Drëttel vun deem, wat een a gängege Supermarchéen zu Lëtzebuerg bezilt.

auto_stories

3 min

Iwwer 10.000 Persounen sinn dëst Joer zu Lëtzebuerg an d'Epicerie sociale vun der Caritas an der Croix-Rouge akafe gaangen.

Eng 260 Stéit komme reegelméisseg an d'Epicerie sociale op Stengefort akafen.

Präisdeierecht betrëfft och Epicerie-socialen

Eng vun de Clienten zu Stengefort ass eng jonk elengerzéiend Mamm, déi schonn e gutt Joer heihinner kënnt. All Woch kritt si 35€ vum Office social. Déi lescht Méint géif een d'Präisdeierecht och hei ze spiere kréien:

"Je pense je n'ai jamais regardé sur les prix. [...] avant, ce n'était pas possible pour moi à utiliser tout de ces 35 €. Et maintenant j'ai commencé à écouter: vous avez dépassé.

Dat bestätegt och d'Caroline Lauer, Gérante vum Croix Rouge Buttek zu Stengefort. Och wann d'Artikelen an der Epicerie sociale däitlech méi bëlleg wieren, esou géife si net vun der Inflatioun verschount bleiwen. Dat géif sech och um Kafverhale vun hire Beneficiairë bemierkbar maachen:

"Notre ressenti est que les gens aussi se sont plus tournés vers les produits alimentaires de base, tel que l'huile, la farine, les oeufs, par rapport aux produits d'hygiène par exemple."

Schëlder mat zwee Präisser

Op de Präisschëlder am Croix Rouge Buttek sinn zwee Präisser affichéiert, fir datt d'Beneficiairen d'Notioun vum Geld net verléieren.

Engersäits de Präis, deen den Artikel an engem klassesche Supermarché géif kaschten. Niewendru steet dee Präis, deen d'Beneficiairë bezuelen, erkläert de Vincent Ruck vum Roude Kräiz:

"Le but c'est d'abord de leur permettre de mieux voir le budget qu'ils auraient à consacrer à ce type de produits là, le jour où ils n'auront plus besoin de l'épicerie sociale, parce que leur situation se sera améliorée. Et en même temps [...] ils paient. Ce sont des humains, ils sont dignes. Ils sont capables de se payer quelque chose."

"Ech weess, et ass net fir ëmmer"

Eng aner Cliente, déi grad hir Akeef fir d'Woch mat de Bonge bezilt, hofft och, datt sech hir Situatioun an Zukunft wäert verbesseren. D'Mamm vun zwee Kanner kënnt zanter engem Mount d'Epicerie sociale zu Stengefort. Si wier zanter véier Méint am Krankeschäin, mee d'Krankekeess hätt si zanter véier Méint net bezuelt, a si misst awer weider hire Loyer bezuelen an hir Kanner fidderen, erkläert si.

Hir aktuell Liewenssituatioun géif hir et net méi erlaben, a klassesch Supermarchéen akafen ze goen:

"Vous vous retrouvez à ne plus pouvoir... et vous ne connaissez pas le système. Et puis quand vous vous retrouvez chez l'assistante sociale, ben voilà. C'est vrai que ça fait bizarre de se retrouver là. Mais bon, en fin de compte, heureusement qu'il y a ça. Pour que les gens puissent s'en sortir. Je sais que c'est pas pour toujours, mais en attendant."

D'Epicerie sociale wier wéi eng Aart Trampolin, dee si an dëser schwiereger Zäit géif opfänken, erzielt d'Cliente weider. Duerch hir Situatioun hätt si awer geléiert, datt et Saache ginn, déi onwichteg sinn, an dëst neit Kafverhale wëll si och spéider bäibehalen.