Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Culture The Kid - Bmw Golf

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Landwirtschaft hat e schwéiert Joer 2022

Agrikultur

D'Landwirtschaft hat e schwéiert Joer 2022

2022 war e ganz schwieregt Joer fir d'Landwirtschaft, d'Baueren hätten awer dat Bescht erausgezunn. Zu där Conclusioun kënnt de Landwirtschaftsministère no enger Reunioun mat Representanten aus dem Secteur.

auto_stories

1 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / Chepko Danil Vitalevich

Lauschterenplay_arrow


Dat Joer virdrun, also 2021 louchen d'Resultater 10 Prozent ënner dem Ertrag vun 2020, haaptsächlech wéinst der Explosioun vun Energie, Som, Dünger a Fudderkäschten am leschten Trimester.

2022: Trotz Contrainten ee Plus

Fir 2022 rechent de landwirtschaftleche Wirtschaftsdéngscht, SER, mat engem Plus vu 67 Prozent - déi genau Zuele leien nach net vir - trotz alle Contrainten, déi et dat Joer gouf.

Dat géif sech virun allem duerch déi méi héich Präisser fir landwirtschaftlech Produiten erklären, notamment d'Mëllech, déi 40 Prozent vum Gesamtwäert vun der landwirtschaftlecher Produktioun hei am Land generéiert.

Wäibau: Ee Plus vu 15 Prozent

Awer och well d'Baueren extrem spuersam mat Dünger a Fudder ëmgaange wieren, sou de Ministère. Beim Wäibau gouf et allerdéngs wéinst der laanger Dréchent am Summer eng Baisse vu viraussiichtlech 15 Prozent beim Ertrag.

Den Drock op den Agrarsecteur géif och 2023 héich bleiwen, heescht et weider. Déi aktuell geopolitesch Tensiounen op der Welt souwéi de Klimawandel bleiwe bestoen an hunn e groussen Impakt op d'Situatioun um Marché.

Eng virsiichteg Krisegestioun wier deemno och dëst Joer unzeroden.