Fir eng Applikatioun ze notzen, muss een déi eroflueden an och richteg aktivéieren, net jiddwereen huet awer déi Kapazitéit. Och d'Froe vun der Sprooch a vun de Verhalensrecommandatiounen, déi een dem Bierger muss matdeelen, stinn am Raum. Weiderhi mussen Touristen, déi net onbedéngt eng Lëtzebuerger Warn-App installéiert hunn, iwwer d'Geforen am Land gewarnt kënne ginn.
Am Inneministère schafft dofir en Aarbechtsgrupp zesumme mat den Acteuren an de Gemengen zesummen un enger Léisung, seet d'Inneministerin Taina Bofferding. D'Iddi wier et fir ewech vun enger App ze kommen a regional verschidden Noriichte kënnen erauszeginn. An der GouvAlert-App wier dat den Ament net méiglech.
Fir ze vermeiden, datt op verschidde Kanäl kommunizéiert gëtt, ginn déi verschidden Acteure wéi d'Waasserwirtschaftsamt oder Meteolux mat agebonnen, fir eng zentral Plaz ze hunn, déi kommunizéiert.
Besser op Krise preparéieren
Zesumme mat de Gemengen gëtt iwwer d'Plattform Disaster Risk Reductioun, also der Risikoreduzéierung bei engem Desaster u Preventiounspläng geschafft, seet d'Taina Bofferding. Hei wéilt een aus de verschidde Krisen Léieren zéien, d'Inneministerin nennt als Beispill d'Pandemie oder aner Naturkatastrophe, wéi beispillsweis den Tornado vu virun zwee Joer.
Et géif ee sech d'Fro stellen, wéi een d'Gemengen an Zukunft nach besser kéint opstelle fir net nëmmen am Moment selwer ze reagéieren, mee datt ee méi preventiv schaffe kann, respektiv Verschiddenes kann antizipéieren.
Wichteg wier et awer och datt een an Zukunft d'Bierger besser am Virfeld informéiert, wéi ee sech soll an esou Situatioune verhalen a wéi een eng Alerte orange an eng Alerte rouge soll verstoen.