Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Allocation de vie chère: 37.000 Demanden erakomm

Sozial Hëllef

Allocation de vie chère: 37.000 Demanden erakomm

D'Allocation de vie chère ass dëst Joer immens gefrot: Ganzer 37.000 Demanden an domat 27 Prozent méi wéi zejoert si beim Fonds National de Solidarité erakomm. Gëschter war dann de leschten Delai fir dës finanziell Hëllef unzefroen.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / fabiocamandona2

Lauschterenplay_arrow


Fir dësen Zouwuess vun den Demandë géif et e puer Erklärunge ginn, mengt de Patrick Bissener, Administrateur vum Fonds National de Solidarité. D'Energiekris an d'Präisser, déi an d'Luucht ginn wieren ee Grond dofir. Et wieren awer och méi Leit op d'Prestatioun opmierksam ginn.

Dat wier, senger Meenung no drop zeréck ze féieren, datt d'Office Sociallen an d'Regierung méi Reklamm fir déi Allocatioun gemaach hätten.

Virun allem Eenzelpersoune froen d'Allocatioun un

D'Allocation de vie chère an d'Energie-Primm si sozial Prestatioune fir Residenten, onofhängeg vun hirer Nationalitéit. Fir se kënnen unzefroen, muss een zanter engem Joer zu Lëtzebuerg wunnen an et däerf een e gewësse Plaffong am Revenu, also der Pai, der Pensioun oder dem Chômage net iwwerschreiden. Dee Plaffong läit fir eng Persoun liicht iwwert dem Mindestloun, fir e Stot mat véier Leit bei ronn 4.700 Euro. Fir Famille wichteg: D'Kannergeld gëtt heibäi net ugerechent. Virun allem Eenzeelpersoune géifen d'Allocatioun ufroen, änlech wéi beim Revis, sou de Patrick Bissener.

Eng Partie Gemengen ënnerstëtze weider

Fir eng Eenzelpersoun läit d'Allocation de vie chère bei ronn 1.650 Euro, dobäi kommen 200 Euro Energie-Primm. Bei enger Famill vu véier Persoune klammen dës Montanten op bal 2.900 respektiv 350 Euro.

Dës sozial Prestatioun kéint dann och eng Zort Schlëssel si fir weider Hëllefen ze kréien.

"Et si schonn eng Partie Gemengen, déi sech dorunner uleenen, wann se d'Beneficiairë vun der Teuerungszulage vum FNS kennen. Da kënnen se, wann se dat da virgesinn hunn an hire Reglementer, och eng änlech Allocatioun ausbezuelen."

D'Leit sollten deemno net zécken d'Allocation de vie chère unzefroen, esou nach de Patrick Bissener vum Fond National de Solidarité. Virun allem, well och wann ee mat sengem Revenu eppes iwwert dem Seuil géif léien, een eng Allocation réduite kéint kréien.