Radioen

On air

Notturno  |  Manduka - De Un Extranjero

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lëtzebuerger Wirtschaft erhëlt sech

Ekonomie

D'Lëtzebuerger Wirtschaft erhëlt sech

Déi Lëtzebuerger Ekonomie erhëlt sech schnell vun der Pandemie, dat geet aus der neister Note de Conjoncture vum Statec ervir. Deemno huet de Lëtzebuerger PIB säin Niveau vu virun der Kris schonn nees erreecht.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


No der moderater Rezessioun vum lëschte Joer, wou de PIB ëm 1,3 Prozent zeréckgaange war, rechent de Statec fir dëst Joer mat enger Croissance vu sechs Prozent vum PIB. De Statec-Direkter Serge Allegrezza mengt awer net, datt déi Croissance een "dohi bréngt, wou mer gewiescht wieren, wann net déi Kris do op eis duerkomm wier".

Mat der Croissance klëmmt och d'Inflatioun nees, haaptsächlech gedriwwen duerch d'Pëtrolspräisser, déi d'lescht Joer am Lockdown drastesch gefall waren. A mat der bis elo cumuléierter Inflatioun hätt een u sech virum Enn vum Joer nach eng Indextranche, déi géif bewierken, datt d'Salairen an d'Pensiounen ëm 2,5 Prozent ugepasst ginn, mengt den Tom Haas vum Statec.

Gestäipt vun der Kuerzaarbecht an anere Mesuren ass den Aarbechtsmaart bis ewell relativ stabil. De Chômage leit ëm 6,3 Prozent. Vill Ekonomisten an alle Länner géife sech awer d'Fro stelle wat geschitt, wann d'Hëllefsmesuren auslafen, mengt de Bastien Larue.

D'Leit sinn also an Aarbecht bliwwen an hu weider Steiere bezuelt. Doriwwer eraus huet de Staat 1,7 Milliarden Euro fir Hëllefsmesuren ausginn - vun annoncéierte bis zu 8,8 Milliarden.

Dofir erhuelen sech d'Staatsfinanzen nom Defizit vu 4,1 Prozent vum PIB d'lescht Joer relativ séier. Och ouni Spuerprogramm rechent de Statec fir dëst Joer mat engem klengem Defizit vun 0,7 Prozent. Fir 2022 gëtt en Iwwerschoss vun 0,7 Prozent erwaart. An dëse Previsioune vum Statec sinn de Moment weider Corona-Wellen oder Problemer mat den Impfungen net berécksiichtegt.