arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'LSAP "schwätzt eréischt an engem Joer iwwer Spëtzekandidaten"

LSAP-Spëtzekandidaturen

|
reading time

2 min

D'LSAP "schwätzt eréischt an engem Joer iwwer Spëtzekandidaten"

D'LSAP wéilt eréischt an engem Joer decidéiere mat wéi enge Spëtzekandidate si an d'Chamberwalen geet, seet de Georges Engel. D'Partei wéilt sech um Kongress d'Méiglechkeet gi mat enger Duebelspëtzt an d'Walen ze goen.

reading time

2 min

Et géif awer eréischt méi spéit decidéiert ginn, ob d'LSAP effektiv mat enger Duebelspëtzt, oder awer mat just engem Kandidat untrëtt, esou de Georges Engel.

Hie wollt sech och net festleeën, ob hien als Aarbechtsminister zur Verfügung géif stoen, wann den Dan Kersch säi Mandat fréizäiteg géif néierleeën. Wann dat géif geschéien, hätt seng Partei e puer Optiounen, "an déi muss een alleguer ausloten", esou de Georges Engel.

"Et muss ee kucken, wat dat Bescht ass fir d'Partei, virun allem och wat dat Bescht ass fir d'Land. An dann hëlt een eng Decisioun."

Op Spekulatiounen iwwer d'Personalien an Nimm, déi schonn an der Press zirkuléiert sinn, wollt de Georges Engel sech awer net aloossen.

Indexéierung vum Kannergeld: Koalitiounsparteie wiere kompromëssbereet

Den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel ass zouversiichtlech, datt d'Regierungskoalitioun sech eens gëtt fir d'Kannergeld eventuell scho méi fréi nees ze indexéiere wei geplangt. Am Fong soll d'Kannergeld Ufanks d'nächst Joer nees un d'Präisdeierecht gebonne ginn.

De Georges Engel mengt, d'Deputéiert vun den dräi Regierungsparteie wiere kompromëssbereet, wa virdrun nach eng Indextranche erfält:

"Dat hänkt elo e bësse vum Zäitpunkt of, wéini datt déi Indextranche do erfält. Mee wann déi elo am Dezember géif erfalen, da sinn ech der Meenung, datt mer do kënnen eng Diskussioun féieren - och mat der DP."

De Georges Engel mengt net, datt d'Indextranche schonn dësen oder den nächste Mount géif kommen. "Et huet jo kee Sënn elo doriwwer ze spekuléieren."

D'DP huet rezent betount, d'Staatsfinanzen dierften um Wee aus der Kris net ze staark belaascht ginn.