Als Beispill nennt hien de Vol vu Lëtzebuerg op Paräis. Vill Passagéier géife vu Paräis aus op aner Destinatioune viru fléien, esou datt d'Luxair Paräis als Destinatioun géif bäibehalen.
D'Luxair huet nach ëmmer däitlech manner Clienten, ewéi virun der Covid-Pandemie. D'Buchunge bei der Airline wieren am Juni ëm ongeféier 80 Prozent méi niddereg, ewéi zu normalen Zäiten, sou de Gilles Feith. D'Pauschalreese vu Luxair Tours hätte sech dogéint méi séier erholl. Hei géif de minus bei 30 bis 40 Prozent léien, sou de Luxair-Generaldirekter. Hie rechent awer fir dëse Summer mat Buchungs-Zuelen, déi mat deene vu virun der Covid-Kris vergläichbar sinn.
Fir de Summer wäert een awer bei Luxair Tours op 100 Prozent vun de Capacitéite sinn, op e puer Destinatiounen eventuell souguer iwwer 100 Prozent, sou datt nach Volle misste bäigesat ginn, sou de Gilles Feith. Et wéilt een awer och weider "abordabel" Präisser behalen, fir jiddwerengem d'Méiglechkeet ze ginn, sech erëm ze beweegen.