Radioen

On air

Resonanzen  |  Der Albena Petrovic hire musekaleschen Zoufluchtsuert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Mënscherechtskommissioun kritiséiert de geplangte Platzverweis

Gesellschaft

D'Mënscherechtskommissioun kritiséiert de geplangte Platzverweis

Et kéint ee verstoen, datt Sécherheet ronderëm dat eegent Haus fir d'Leit e wichtegt Theema wier, mee et misst een och ëmmer kucken, ob d'Moyenen déi agesat gi proportionell wieren, sot de President vun der Mënscherechtskommissioun Gilbert Pregno bei der Presentatioun vum Avis zum Gesetzesprojet iwwer de Platzverweis. De Projet géif der Kommissioun no eng ganz Rei vu Froen opwerfen déi d'Mënscherechter betreffen.

auto_stories

2 min

Foto: Carole Schimmer

Lauschterenplay_arrow


Et wier e Moyen, dee virun allem krank, drogenofhängeg a sozial schwaach gestallte Persoune géif treffen, sou d'Anamarija Tunjic, Juristin bei der CCDH. Ma domat géif de Fong vum Problem net geléist ginn.

"De Platzverweis riskéiert och déi ze viséieren déi souwisou net gutt dru sinn an a prekäre Situatioune liewen an eben och ausgeschloss sinn aus der Gesellschaft. Domat gi sécher net Drogendealer viséiert, mee Konsommateueren a virun allem och Heescherten, also sans abrisen. Dës Mesure dréit zur Stigmatiséierung vun dëse Persoune bäi ouni konkret Äntwerte fir de Fong vum Problem un ze goen."

D'CCDH hätt et dann och léiwer gesinn, wa fir déi betraffe Leit dezentraliséiert Strukture géife geschafe ginn amplaz, datt ee se vun enger Plaz op déi aner schéckt. Donieft misst gekuckt ginn, ob d'Moyenen, déi hei agesat ginn, iwwerhaapt proportionell zum Problem sinn. D'CCDH gesäit och d'Gefor, datt Rassismus a Xenophobie beim Ëmsetze vun dësem Gesetz um Terrain eng Roll kéinte spillen.

D'Police déi mat dëse Situatioune konfrontéiert gëtt misst eng gutt Formatioun kréien, fir op déi verschidden Zenarië virbereet ze sinn an Eskalatiounen ze verhënneren.

Den Text wier och onprezis a géif eng Rei vun Interpretatiounen erlaben. Donieft wier guer net kloer, wéi effikass d'Mesure vum Fortschécken a der Praxis wier. Hei misste Statistike gefouert gi fir nopréiwen ze kënnen, ob d'Mesure iwwerhaapt gräift.