Radioen

On air

Notturno  |  Modern Nature - Performance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Omnipresenz vum Handy am Stroosseraum

Fräie Mikro

D'Omnipresenz vum Handy am Stroosseraum

De Gebrauch vum Handy ass e Massephenomen, am Alldag an am Auto. D'Banalitéit an d'Banalisatioun dovu steet am krasse Géigesaz zur Gefor, déi dëst am Stroosseverkéier duerstellt, mengt d'Isabelle Medinger, Directrice vun der Sécurité Routière.

auto_stories

4 min

Am Stroosseverkéier si mir mat ëmmer méi Impulser konfrontéiert. Mir musse permanent vu baussen Informatiounen ophuelen a verschaffen, mir mussen an engem Stéck Decisiounen huelen, méi oder manner bewosst reagéieren. Et sinn ëmmer méi Leit ënnerwee a méi Zorte vu Leit, déi sech de Stroosseraum an den ëffentleche Raum deelen.

Wien déi déckste Karkass huet, huet och déi besser Knautschzon an domat déi beschte Protektioun, oder wéi Verschiddener et deiten, déi beschten Argumenter am Trafic. D'Stabilitéit vun eiser Karkass deelt eis dann och a Kategorië vun Usageren an, déi lescht an der Rei sinn déi schwaach Verkehrsteilnehmer, déi vulnerabel.

E geféierlecht Gefill vu Sécherheet

D'Karosserie gëtt engem awer net nëmme reell eng méi grouss Sécherheet, mee och eng gefillten. An déi Sécherheet ass am geféierlechste fir all déi aner. De Soziolog a Chercheur um franséische Centre national de la recherche scientifique CNRS, de Sébastian Roché, huet do ganz interessant Theesen opgestallt.

Den Auto isoléiert d'Individuen a privat Carapacen am ëffentleche Raum. Den ëffentleche Raum verléiert esou säi kollektive Charakter. "Il laisse entrer en compétiton des bulles privées", schreift hien. "La carosserie est une deuxième peau, l'érafler revient à gifler le propriétaire. Il se joue une compétition dans laquelle l'honneur est en cause". Déi do Ausso ass méi wéi 20 Joer hier.

Mee wéi aktuell ass se dach. Dat Kollektiivt ass eis also verluer gaangen. A mir kommen ëmmer méi wäit dovunner ewech.

D'Leit kapsele sech of, an dat ass e Problem

Éischtens, wéi gesot, well et ëmmer méi där Bulles privéeën do gëtt, där mat Karkass an där ouni, an zweetens, well an de leschte Joren nach eppes dobäi koum, wat ee sech virun 20 Joer an deem do Ausmooss net konnt virstellen: D'Omnipresenz vun de portabelen Telefonen/Smartphonen, Tabletten an aner Ecranen.

Lo si mir an eise private Carapacen nach méi ofgekapselt, souguer wa mir guer keng Kapsel ronderëm eis hunn, als Foussgänger, Cyclist, Trottinettist, Uniradist et j'en passe. Als schwaach oder staark oder hallefstaark Usagere si mir elo komplett vun der Aussewelt ofgeschloss.

An éier den intelligenten Auto do ass, dee fir eis denkt an eis sämtlech Decisiounen ofhëlt, an dat ass laang éier den intelligente Chauffeur do ass, hu mir nach e wäiten a geféierleche Wee virun eis!

Eng grouss Gefor, déi awer wäit verbreet ass

An der Tëschenzäit gëtt emol kommunizéiert. Vill ze vill. Den Handy huet eng enorm Roll an eisem Liewen ageholl a wa mir net eppes ënnerhuelen, spillt en och ëmmer méi eng grouss Roll bei eisem Stierwen am Stroosseverkéier.

Kaum een zweiwelt un der Gefor vum Hantéiere mam Handy um Steier, um Guidon oder beim iwwer d'Strooss goen. Kaum een huet et nach ni gemaach, ganz vill maachen der et heiansdo a vill maachen der et dacks.

Et brauch ee keng grouss deliktuel Energie opzebréngen, et ass als Gefor erkannt, mee trotzdem acceptéiert, net wéi zum Beispill duerch Rout fueren, wou de soziale Konsens besteet, datt dat condamnabel ass!

Wann d'Leit also scho sensibiliséiert sinn, an et awer e banalen an habituelle Geste bliwwen ass, dann hëlleft nëmmen d'Repressioun, gekoppelt mat der Probabilitéit och erwëscht ze ginn.

Nëmme méi staark Repressiounen hëllefen

Wa mir net wëllen, datt d'Zuel vun de Schwéierblesséierten an Doudegen op eise Stroosse klëmmt, musse mir d'Manipuléiere vum Handy méi staark bestrofen. Wann den Autocontrôle net funktionéiert, mussen d'Strofe méi haart ginn. Am Laf vun 2021 soll dat ëmgesat ginn, da solle véier Punkten aplaz zwee ofgeholl ginn.

Ech sinn iwwerzeegt, datt dat vill Leit ofschreckt an datt d'Kommunikatiounsbereetschaft sech erëm op d'Strooss an op den Stroosseraum verlagert. An ech mengen net déi gestuel Kommunikatioun.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.