Héichwaasser zu Greiweldeng: sechs Wochen duerno "D'Ongewëssheet mécht ee verréckt"

Nom Héichwaasser den 1. Juni zu Greiweldeng gëtt et fir d'Cathrine Clausen nach laang keng Normalitéit: hiert Haus am Zentrum vum Duerf, an deem si eréischt zanter dem leschten August gewunnt huet, dierft fir ronn ee Joer laang net méi bewunnbar sinn. D'Héichwaasser koum fir si ganz iwwerraschend. Wochen no der Katastroph wier d'Ongewëssheet mat dee gréisste Problem, esou déi Betraffen, nodeem d'Waasser den 1. Juni bal annerhallwe Meter héich an hirem Haus stoung.

Serge Kesseler / cz

Haus Greiweldeng (no Héichwaasserschued)
Am Haus zu Greiweldeng stoung d'Waasser den 1. Juni 2018 ronn annerhallwe Meter héich

D'Cathrine Clausen schwätzt vun enger "Flutwell" den 1. Juni zu Greiweldeng: eng "Flutwell" mat Waassermassen, déi ee sech net kéint virstellen.

Hir Nopesch hätt si als éischt iwwer d'Situatioun informéiert. "Meng Nopesch huet (um Telefon) nëmmen nach gebrëllt, ech misst heem kommen, ech hätt annerhallwe Meter Waasser am Haus stoen."

Si wier schlussendlech frou, datt si eng Katastrophen-Assurance hat, seet d'Cathrine Clausen. Ursaach fir de grousse Schued war d'Baach, déi duerch Greiweldeng leeft. "Mir hunn zwar effektiv eng kleng Baach hei lafen, mee déi ass am Duerchschnëtt - ech géing mol mengen - mol keng zéng Zentimeter héich a si ass op alle Fall keen hallwe Meter breet. Et ass eng ganz gemittlech Baach, déi éiweg hei leeft."

"D'Baach ass explodéiert"

Hirer Meenung no hätt d'Waasser vun der Baach sech op enger laanger Distanz gestaut, esou d'Cathrine Clausen iwwer déi méiglech Ursaach vum Héichwaasser viru gutt sechs Wochen. Den 1. Juni wier vill Holz an der Baach geschwommen, "déi Baach ass einfach explodéiert".

Déi "kleng gemittlech Baach" ass "regelrecht explodéiert", esou d'Cathrine Clausen

De Buergermeeschter Marco Albert schwätzt vun enger "relativ katastrophaler Situatioun" vun de betraffenen Haiser a Gebaier, den 1. Juni zu Greiweldeng a ronderëm. Am Ganze wiere souguer 50 Haiser betraff gewiescht. "Do waren natierlech och Leit dobäi, wou et net extrem schlëmm war, wou e bësse Bulli do war", seet de Marco Albert. Bäi ronn 30 Haiser wier awer de Wunnberäich betraff gewiescht.

Punktuell Optimisatiounen un der Baach

De Buergermeeschter vun der Gemeng Stadbriedemes - zu där Greiweldeng gehéiert - seet, datt d'Ursaach vun der Katastroph vum 1. Juni net komplett kéint aus der Welt geschaaft ginn, well d'Baach ënner dem Duerf erduerch leeft. D'Baach hätt eng gewësse Capacitéit, an déi wier duerch déi enorm Waassermassen däitlech iwwerschratt ginn. D'Baach wier awer net verstoppt gewiescht, sou de Marco Albert.

Et géifen elo punktuell Verbesserunge, "Optimiséierungen" gemaach ginn. Et géif iwwer eng "kleng Retentioun" nogeduecht ginn.

Nees bei null ufänken

Ganz staark betraff war d'Cathrine Clausen. E puer Wochen nom Héichwaasser zu Greiweldeng steet hiert Haus nieft der klenger Baach komplett eidel. D'Mauere gesinn aus wéi an engem Réibau. D'Haus muss elo dréchnen, fir datt spéider erëm kann dra gewunnt ginn. E puer Stonne laang stoung d'Waasser den 1. Juni an hirem Haus.

"Da fänke mer rëm bei null un: da musse mer rëm alles kafe goen, vu Kalzong op Wäschmaschinn"

"Vue datt mir een aalt Haus hunn, mat Sandmaueren, hu mir misste schnell reagéieren. Mir hunn elo alles souwäit ofgeklappt, bis dohinner, wou d'Waasser stoung fir datt mol Loft un d'Mauere kënnt. Mir hunn natierlech och missten d'Plättercher an alles wat mir esou konnten, erausrappen. Jo, wat d'Miwwelen an esou ugeet, do hu mir näischt méi, et ass ganz einfach. Et war alles futti, wat mir besëtzen. Et ass alles regelrecht erausgespullt ginn. Jo, elo geet et drëm ze kucken, wéi kréie mir d'Haus erëm dréchen, datt mir kënne mat Aarbechten ufänken. An da fänke mir erëm bei null un, da musse mir erëm alles kafe goen, vu Kalzong bis Wäschmaschinn."

Finanziell Hëllef an Informatiounen

De Buergermeeschter Marco Albert erënnert drun, datt et eng Hëllef vu staatlecher Säit gëtt. Et gouf eng Informatiounsversammlung fir déi betraffe Leit. Vun der Gemeng Stadbriedemes gëtt et donieft ee méi héije Subside fir elektresch Apparater an eng Direkthëllef vun 300 Euro, déi u keng Critèrë gebonnen ass.

Den Office Social géif de Kontakt maachen. "De Moment wësse mir vum Office Social, datt ongeféier tëschent 15 bis 20 Leit do hiren Dossier scho mol eraginn hunn", seet de Marco Albert. Leit, deenen hir Assurance fir d'Schied géif opkommen, wieren net fir Hëllefen eligibel.

"Ferm vun der Gemeng enttäuscht"

D'Informatiounsversammlung hätt net vill Äntwerte bruecht, seet d'Cathrine Clausen. A wat déi mënschlech Aspekter ugeet, wier si vun deene Gemengeresponsabelen - Zitat - "ferm enttäuscht".

Si géif verstoen, datt dat och fir eng Gemeng eng schwiereg Situatioun wier, mee si hätt sech erwaart, datt "mol géif gefrot ginn, wéi et géing goen, ob jiddwereen ënnerkomm ass, well elo sinn ech zanter fënnef Wochen net méi a mengem Haus. A bis haut huet nach kee mech gefrot, ob ech een Doheem hunn."

Betraffener wënsche sech méi effikass Hëllef vum Familljeministère

Donieft géif et de Problem ginn, datt soulaang d'Assurancen den Héichwaasser-Affer kee Schued rembourséieren, de Familljeministère och näischt géif erausginn.

"Fir mech misst all Persoun e Rendezvous kréien, bei de Familljeministère kënne goen a regelrecht eng Kontaktpersoun hunn, déi klipp a kloer seet, voilà, esou leeft dat elo, esou wäert dat goen. Och wa si eis net kënne soen, voilà mir kënnen Iech mat esouvill Euro ënnerstëtzen. Si mussen de Leit awer e bëssen eng Äntwert ginn. Well dat Ganzt ass geschitt, mir hunn et verdaut, mee et ass déi Ongewëssheet, déi e verréckt mécht", seet d'Cathrine Clausen, déi Ufank Juni zu Greiweldeng vum Héichwaasser betraff war.

Beim Famillje-Ministère huet et op eis Nofro hi geheescht, datt et bis d'lescht Woch 34 Demanden aus zwielef verschiddene Gemenge goufen, ëm déi eng Persoun sech këmmert. De Ministère huet 20 Expertisen ugefrot. Duerno géif effektiv drop gewaart ginn, wat d'Assurancë bezuelen. Am Fall vun héijem Schued kéinten déi betraffe Leit awer Avancë beim Ministère ufroen.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Mëllerdall Schued u Wanderweeër
Suite vun Iwwerschwemmungen

Gespaarte Stroossen a Wanderweeër, déi net praktikabel sinn: Bäerdref plot sech mat de Konsequenze vun den Onwiederen am Mëllerdall. Hoteller a Campingen fäerten, datt manner Touristen an d'Regioun kommen.

Futtis Autoen
Héichwaasser

An deene Regiounen, wou et d'lescht Woch Iwwerschwemmunge gouf, gëtt nach ëmmer opgeraumt. Déi betraffe Leit sollen sech elo bei hirer Assurance mellen, fir z'evaluéieren, wéi se kënne rembourséiert ginn.

Iwwerschwemmungen
Héichwaasser 1. Juni 2018

Wéinst dem ville Reen an der Nuecht vun Donneschdeg op e Freideg, virun allem am Mëllerdall, ass d'Krisen-Zell vum Haut Commissariat à la protection nationale aktivéiert ginn. Een Iwwerbléck, Hannergrondinformatiounen a Reaktiounen.

Musel.jpg
Héichwaasserrisikomanagementplang

Déi aktuell Héichwaasser-Situatioun kéint statistesch gesinn all zwee Joer esou virkommen, seet d'Christine Bastian vum Waasserwirtschaftsamt. D'Situatioun wier deemno "guer näischt Aussergewéinleches".

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen