Chamberwahlen 2018 "D'Onzefriddenheet ass do"

"D'Liewenskonditiounen degradéiere sech zu Lëtzebuerg, besonnesch fir déi Jonk", esou den David Wagner. Laangzäit-Aarbechtskontrakter wieren net méi d'Reegel, et géif eng Prekaritéit op der Aarbecht ginn, an d'Léin wieren net méi esou héich verglach mat de Logementspräisser.

Mick Entringer / cbi

David Wagner
Den David Wagner ass zesumme mam Marc Baum zeréck an d'Chamber gewielt ginn.

De System géif ëmmer méi onsécher ginn, an dat géif besonnesch d'Frontalieren treffen, vun deene vill de Mindestloun géife kréien, esou en David Wagner. Déi 100 Euro Netto méi Mindestloun, déi d'Regierung fir de 1. Januar ugekënnegt huet, géif bei wäitem net duer goen.

"Mir waren ëmmer der Meenung, datt et eng Brutto-Erhéijung soll sinn", esou den David Wagner. "Mir sinn der Meenung, datt dee ganzen Deel vun de Cotisatiounen och een Deel vum Loun ass, well domadder finanzéiert ee jo d'Keesen an et kritt ee jo eppes erëm dovunner." Et misst een awer eendeiteg iwwer der Aarmutsgrenz leien, esou den David Wagner. Blo-rout-gréng hätten eng ganz Partie Mesuren ugekënnegt, déi gutt géifen ausgesinn, mee et misst een oppassen, wéi déi ausgefouert ginn.

"ADR versteet Bevëlkerung net méi"

An enger Question parlementaire zu engem Theaterstéck fir Kanner iwwer Homosexualitéit hat den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser heterosexuell Famillen als "natierlech Famillen" beschriwwen. Den David Wagner huet den Androck, datt d'ADR d'Lëtzebuerger Bevëlkerung net méi versteet. D'Aussoe vum Här Kartheiser wieren homophob, an den Här Kartheiser misst dat och wëssen. "D'Homosexualitéit war zu Lëtzebuerg ganz laang penaliséiert, wéi an de meeschte Länner a Westeuropa. [...] Et ass vläicht eng Zäit, wou d'ADR oder den Här Kartheiser nostalgesch sinn. Mee déi Zäite sinn eriwwer."

D'ADR sollt ophalen ze mengen, datt si mat homophoben Aussoe kéinte punkten, well dat géif net funktionéieren a géif immens vill Leit blesséieren. Homophobie a Rassismus kéinten zu schlëmme Saache féieren, ënner anerem och gewalttäteg Aktioune vis-à-vis vun homosexuelle Mënschen. "Ech mengen et muss ee sech e bësse packe mat esou dommen Aussoen."

Chamberwahlen 2018: "Et war méi dran"

déi Lénk hate bei de leschte Wahlen net dat Resultat gemaach, dat se sech erhofft haten. Den David Wagner mengt, datt een d'Partei déi Lénk awer nach géif brauchen. Hie gëtt awer zou, datt een d'Piraten ënnerschat hätt, mee iwwer d'Wahlresultat wier een nach am gaangen ze diskutéieren.

"Ech mengen, et war méi dra wéi dat, wat mir haten." déi Lénk wieren net esou wäit komm, wéi se hätte kënne kommen, haaptsächlech dowéinst, well een am Wahlkampf net offensiv genuch gewiescht wier, esou d'Analys vum David Wagner.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Fernand Kartheiser
Koalitiounsaccord

Déi nei Regierung géif eng lénk Politik maachen, an de Koalitiounsaccord wier ideologesch ausgeluecht, seet de Fernand Kartheiser. LSAP, DP an déi gréng géifen e Familljemodell imposéieren.

Den Etienne Schneider, de Xavier Bettel, d'Corinne Cahen an de Félix Braz.
Chamberwahlen 2018

DP, déi gréng an LSAP hunn no annerhallwem Mount Verhandlungen ee Regierungsprogramm ënnerschriwwen. Eng éischt Analys vun den 246 Säiten, iwwer déi d'Parteigremien nach mussen ofstëmmen.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen