Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Robyn - Missing U

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Personaldelegatiounen ënner der Lupp

Sozialwahlen 2019

D'Personaldelegatiounen ënner der Lupp

Wéi ee Profil hunn d'Personaldelegatiounen an de Betriber - a wat maachen d'Delegéiert eigentlech konkret? Déi Froe goufen hei am Land bis ewell just an enger wëssenschaftlecher Etüd ënner d'Lupp geholl. An zwar vum Institut fir sozio-ekonomesch Fuerschung LISER. Eng Conclusioun: de Sozialdialog an de Betriber gëtt vu Männer dominéiert.

auto_stories

3 min

Fir et zouzespëtzen: Den "typesche" President vun enger Personaldelegatioun ass ee Fransous vu mëttlerem Alter, deen hei am Land wunnt, scho méi laang fir seng Entreprise schafft an net an enger Gewerkschaft ass. D'Carole Blond-Hanten, Soziologin beim LISER, seet, datt dräi Véierel vun de Presidente vun de Personaldelegatioune Männer sinn, a just ee Véierel wiere Fraen:

"70 Prozent vun de Presidenten hu méi wéi 40 Joer. D'Nationalitéit, do sinn d'Fransousen op der éischter Plaz, d'Lëtzebuerger op der zweeter Plaz, drëtt Plaz sinn d'Belsch, véiert sinn d'Däitsch a fënneft d'Portugisen. An et sinn e bëssi manner wéi d'Hallschent, déi gewerkschaftlech engagéiert sinn: 47 Prozent an 53 Prozent."

Och an anere Länner wieren d'Frae manner präsent an den Decisiounsgremie vu Betriber wéi d'Männer. Den Desequiliber ass der Fuerscherin no zu Lëtzebuerg awer besonnesch markant. Dozou passt, datt bei de Wahle fir d'Salariatskammer männlech Kandidate mat 70 Prozent staark iwwerrepresentéiert sinn. Am mannste Frae kandidéiere beim Landesverband (17 Prozent), am meeschte beim LCGB (36 Prozent). D'Kandidatelëschte fir d'Delegatiounswahle sinn eréischt nom 25. Februar definitiv.

Männer maache méi liicht Carrière

D'Thema Gläichberechtegung spillt der LISER-Etüd (D'Etüd ass net public. D'Carole Blond-Hanten veschafft se an hirer Dokteraarbecht) no an der Aarbecht vun de Personaldelegatiounen iwwerdeems keng grouss Roll. Dobäi géifen et konkret Defie ginn, seet d'Carole Blond-Hanten. Zum Beispill wann et ëm d'Carrièrë geet. Männer kéinten nach ëmmer méi liicht Carrière maachen, well "awer nach ëmmer méi Fraen zum Beispill ganz banal Congé parantal huelen."

Frae géifen och méi dacks Deelzäit schaffen, präziséiert d'Soziologin. Et géif hei Bedarf ginn, dëst "emol a Fro ze stellen", seet si.

Der Enquête no wieren d'Haaptthemen, ëm déi sech d'Delegéiert këmmere wëllen, d'Gesondheet a Sécherheet op der Aarbechtsplaz, d'Aarbechtskonditiounen oder och Mëssverständnesser mat de Virgesetzten. "Bei de kollektive Revendicatioune sinn och d'Aarbechtszäiten an d'Klima an den Aarbechtsverhältnisser, déi ervirgestrach gi sinn", seet d'Carole Blond-Hanten.

Net all Betrib huet eng Delegatioun

All dës Resultater ginn aus enger Enquête ervir, déi de LISER 2013 gemaach huet. Ugeschriwwe goufen 2.800 Entreprisen, déi 15 oder méi Salariéen hunn, an deemno eng Delegatioun mussen hunn. Äntwerte kruten d'Fuerscher a bal der Hallschent vun de Fäll.

12 Prozent soten, si hätte keng Delegatioun. Dofir géifen et vill méiglech Erklärunge ginn, mee hei wier et un der Gewerbeinspektioun, d'Applikatioun vum Gesetz ze iwwerpréiwen, seet d'Carole Blond-Hanten. Wat d'ITM an dëse Fäll gemaach huet, wier an der LISER-Etüd awer net ënnersicht ginn.

Eng méi breet ugeluechten Etüd

De LISER plangt, fir seng Etüd iwwer de Sozialdialog an de Betriber bei der nächster Erhiewung méi breet unzeleeën. Virbild ass déi sougenannt "Enquête-Réponse" ("Relations professionnelles et négociations d'entreprise"), déi zanter den 90er all sechs Joer am Optrag vum franséischen Aarbechtsministère realiséiert gëtt:

"A Frankräich maache si dat ganz komplett. Si froen d'Salariéen an da kréien d'Direktiounen oder d'Direktioune vun de Ressources humaines ee Questionnaire 'en face-à-face' an och d'Personaldelegatiounen 'en face-à-face'. Do huet een am Fong déi dräi Facettë vun den dräi Haaptacteuren an den Entreprisen."

Ouni esou Enquêten, betount d'Fuerscherin, wéisst een eigentlech net richteg, ob a wéi de Sozialdialog an de Betriber generell funktionéiert.