National Impfstrategie D'Phasen 2 bis 6 an der Impfcampagne

An de Phasen 2 bis 6 sollen zwee Krittäre bestëmmen, wie wéini géint Covid-19 geimpft gëtt. Engersäits spillt den Alter eng Roll, anerersäits verschidde Krankheetsbiller. Ufank Mäerz soll déi nächst Phas ufänken.

Maxi Pesch / cbi

Impfung géint Covid-19
D'Impfunge géint Covid-19 ginn zu Lëtzebuerg a Phasen organiséiert. Foto: picture alliance / NurPhoto | APP

Lauschteren


An der zweeter Phas vun der Impfcampagne solle Leit iwwer 75 Joer, souwéi héich vulnerabel Leit geimpft ginn. Dorënner fale beispillsweis Leit mat Trisomie 21 oder Leit, déi eng Transplantatioun hanner sech hunn.

Och kriibskrank Patiente géife prioritär geimpft ginn, also Leit déi eng Chimiotherapie, Radiotherapie oder Immunotherapie kréien, erkläert den Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé. Eng 3.000 missten deemno prioritär geimpft ginn.

Ee Phaseplang fir d'Impfungen

An der drëtter Phas sollen da Persounen tëschent 70 a 74 Joer geimpft ginn, souwéi Leit mat ënner anerem Häerzproblemer oder Immunschwächten.

An der véierter Phas solle Leit tëschent 65 a 69 Joer a Persoune mat beispillsweis Diabetis geimpft ginn, déi Komplikatiounen hunn.

An der fënnefter Phas komme Persounen tëschent 55 a 64 Joer drun a Leit mat Diabetis an Hypertensiounen, dat awer ouni Komplikatiounen. Heirënner géife ganz vill Leit falen, eng geschaten 20.000-40.000 Persoune gëllen als Diabetiker, esou den Dr. Jean-Claude Schmit. An dës Kategorie falen och Leit mat enger Obesitéit, mat engem BMI vun 30-40.

An der sechster Phas kéimen dann als éischt prekär Persounen drun a Leit, déi duerch hire Beruff méi e grousse Kontakt mat anere Leit hunn. Als lescht géif dann de Recht vun der Bevëlkerung geimpft ginn tëschent 16 bis 54 Joer.

Date sinn net zentral gespäichert

Eng 100 Prozenteg Previsibilitéit hätt ee mam Phaseplang awer net esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Et géifen nämlech keng Regëstere ginn, wou d'Krankheete vun de Leit gespäichert sinn. "Dat si keng zentral Daten, déi mer hunn." Et géife keng fäerdeg Lëschte mat de Krankheete vun de Leit ginn.

Den Ament géif nach mat den Dokteren diskutéiert gi wéini an a wéi enger Form si Certificaten ausstelle fir hier vulnerabel Patienten, déi solle geimpft ginn. Den Impfplang géif dem Santésdirekter no vun de Liwwerunge an der Natur vun de Vaccinen ofhänken.

Méi zum Thema

Impfung
Froestonn

D'Impfunge géint den neie Coronavirus kommen. Vill Leit hu Bedenken, well d'Impfstoffer esou séier entwéckelt goufen. De kompletten Interview mam Thomas Dentzer a Gérard Schockmel fannt Dir elo hei.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen