Radioen

On air

De Moien  |  Hannah Ida - East Of Eden Feat. Florian Van Kooy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Plaz vu behënnerte Kanner ass an der Mëtt vun der Schoul"

Handicap

"D'Plaz vu behënnerte Kanner ass an der Mëtt vun der Schoul"

D'Politik schwätzt vun Inclusioun - wa Gesetzer gemaach ginn, dominéiert awer d'Exclusioun, kritiséiert d'Martine Eischen vun der asbl Trisominie 21. Ier dat neit Gesetz iwwer d'Reorganisatioun vun der Grondschoul gestëmmt gouf, wieren Associatiounen mat Eltere vu betraffene Kanner net ëm hiren Avis gefrot ginn.

auto_stories

2 min

Dräi Associatiounen - Zesumme fir Inklusioun, d'Association de Parents d'Elèves de l'Education différenciée (ALPEED) an d'Trisomie 21 hunn an engem oppene Bréif un den Educatiounsminister Claude Meisch an un d'Familljeministesch Corinne Cahen fir méi Inclusioun an der Schoul plädéiert. Zwee Gesetzer iwwert d'Grondschoul an iwwert d'Education différenciée déi rezent gestëmmt goufen, ginn deenen Associatiounen net wäit genuch. Si fuerderen, datt hir Kanner an där Grondschoul integréiert ginn, wou si wunnen. D'Zil wier et och, déi Kanner ze fërderen a besser auszebilden.

"Et gëtt ëmmer erëm kategoriséiert an ausgeschloss", seet d'Martine Eischen, Presidentin vun der asbl Trisomie 21. Si fuerdert, datt behënnert Kanner vun Ufank u mat deenen aneren an d'Schoul kéinte goen. Ier dat neit Gesetz iwwer d'Reorganisatioun vun der Grondschoul gestëmmt gouf, wieren Associatiounen mat a vun Eltere vu betraffene Kanner net ëm hiren Avis gefrot ginn.

De Service de l'éducation différenciée (EDIFF) wier wuel ëmstrukturéiert ginn, déi Betraffe wieren awer weider ausgeschloss, betount d'Martine Eischen. Dobäi wier deenen hir Plaz matzen an der Gesellschaft an domat och matzen an de Klassen. Dofir missten och d'Enseignante forméiert ginn. "Dat huet de Minister wuel vergiess", ass de Virworf vun den Associatiounen. Si froen, firwat d'Uni net gefrot gëtt, fir an deem Kontext eng Qualitéitsformatioun unzebidden.

D'Ateliers protégés platzen aus allen Néit, seet d'Martine Eischen: et ginn net genuch Plazen. A wann dann eng Plaz fräi géif ginn, da misst deen, dee se kritt, produktiv sinn. Behënnert Persoune kéinten awer net all 40 Stonnen d'Woch d'selwecht ofliwweren, ënnersträicht d'Martine Eischen. D'Presidentin vun der asbl Trisominie 21 fuerdert dringend méi Flexibilitéit.