Radioen

On air

De Moien  |  Immy Owusu - What A Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SNPGL: D'Police fillt sech vun der Politik am Stach gelooss

Gesellschaft

SNPGL: D'Police fillt sech vun der Politik am Stach gelooss

D'Verhandlungen op der Conciliatioun iwwert d'postes à responsabilité particulière bei der Police si gescheitert. Dat huet d'Policegewerkschaft SNPGL gëschter Owend op hirer Generalversammlung matgedeelt. Si gëtt sech net eens mat der Policedirektioun an dem zoustännege Ministère, wien esou e sougenannte PARP kritt, mat deem och eng Gehaltserhéijung verbonnen ass.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


D'Gewerkschaft huet elo eng Mediatioun ugefrot: Déi éischt Sitzung wier fir en Donneschdeg 8-Deeg, de 27. Oktober geplangt, sou den SNPGL-President Pascal Ricquier. Vum Vizepresident Marco Richard war et d'Warnung, datt d'Police am Fall vun engem weideren Echec zwar net dierft streiken, si dierft awer wuel demonstréieren.

Wien esou ee Poste kritt, mat deem och eng Gehaltserhéijung verbonnen ass, doriwwer sinn sech d'Gewerkschaft, d'Policedirektioun an de Ministère nämlech net eens. D'Ausenanersetzung goung op d'Conciliatioun. De Litige wier gescheitert, war et d'Informatioun vum SNPGL-President Pascal Ricquier. D'Gewerkschaft huet eng Mediatioun ugefrot: Den éischte Rendez-vous ass fir de 27. Oktober, geplangt. Wann och déi sollt scheiteren, misst der Politik kloer sinn, datt et zu Demonstratioune vun de Policebeamte kéint kommen, sou den SNPGL-Vizepresident Marco Richard.

"An ech froe mech, wien dann esou eng Demo géif encadréieren. Da missten nach vill Kollegen aus der Belsch komme gelooss ginn."

SNPGL: Platzverweis wier net effikass

Um President Pascal Ricquier war et da fir de Bilan ze maache vun der Kriminalitéit am Land. Déi géif ëmmer weider zouhuelen. Virun allem wieren och ëmmer méi Bande vu Mannerjärege kriminell täteg, géint déi bis ewell wéineg kéint ausgeriicht ginn.

"Grad well et jugendlech Stroftäter sinn, an dat wësse si ganz genau, ass et net evident, fir géint se virzegoen. Allefalls net esou wéi bei Erwuessenen. Op déi nei Texter a punkto Jugendschutz eppes dorunner verbessere kënnen, dat bleift ofzewaarden."

Besonnesch op der Gare wier d'Kriminalitéit nach ëmmer ganz héich. D'Fuerderung vun de Bierger no méi Policepresenz am Quartier hätt just eppes bruecht: De Probleem hätt sech zum Deel och nach an d'Uewerstad verlagert. Eng schlecht Zensur gouf et an deem Kontext och fir d'Gesetz iwwert d'Garantie d'accès, de Platzverweis, dat zanter dem Summer a Kraaft ass. D'SNPGL gesäit sech an hirer Kritik confirméiert, déi géifen näischt bréngen.

Police misst sech aner Moyene ginn

D'Politik misst sech Gedanke maachen, wat mat de ville Sans-Abrië geschitt, a wéi se mat der organiséierter Kriminalitéit an den Drogenofhängen am Garer Quartier an uechter d'Land wéilt ëmgoen. Ma och d'Police misst sech nei opstellen a sech aner Moyene ginn, fir dës Problematiken unzegoen, sou nach d'Fuerderung vun der Policegewerkschaft. E weidere Probleem wieren donieft déi sougenannten illegal Persounen, also Leit déi sech net kënnen ausweisen, sou nach de Pascal Ricquier, dee pauschaliséiert: Där géifen der ëmmer méi festgeholl ginn, et wier net kloer, wat mat hinne sollt geschéien an et kéint ee sech denken, wéi esou Leit op der Strooss iwwerliewen.

SNPGL-President krut eng Verwarnung vum Parquet

De Pascal Ricquier krut iwwregens wéinst senge gewerkschaftlechen Aktivitéiten eng Verwarnung vum Parquet aus der Stad, nodeems eng Rëtsch Plaintë vu Säite vu Policebeamte géint hien deposéiert gi waren. De CGFP-President Romain Wolff, deen och bei der Generalversammlung vun der SNPGL present war, huet dat als Attack op déi gewerkschaftlech Fräiheete kritiséiert.