Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Police viru groussen Defien

Gesellschaft

D'Police viru groussen Defien

D'Police steet virun enger ganzer Rei vun Erausfuerderungen. Verännerunge beim Rekrutement, der Digitaliséierung an eng optimiséiert Organisatioun solle Besserung bréngen.

auto_stories

2 min

Éischte Constat: d'Police ass zanter der grousser Reform am Joer 2000 net am selwechte Rhythmus gewuess wéi d'Populatioun. Personal , Material, Organisatioun. Iwwerall bestinn ëmmer nach Defiziter an de Minister Kox versprécht elo Besserung. 620 zousätzlech Poliziste solle bis 2026 rekrutéiert ginn, zesumme mat der Digitaliséierung an enger besserer Aarbechtsopdeelung sollen d'Ressourcen an Zukunft ausgebaut an optimal genotzt ginn. De Finanzement fir méi Personal wier dobäi ofgeséchert.

Remise/Reprise

Déi lescht Rekrutementscampagne wier och e grousse Succès gewiescht, 200 nei Poliziste solle vun Abrëll un an de Asaz. Mee net nëmmen d'Zuel vun de Beamte soll eropgesat ginn, d'Organisatioun soll och besser ginn. Et gëtt en neie Programm fir Personalplanung ugeschaaft, d'Beamte selwer kréien modern Laptoppen, déi administrativ a juristesch Schreifaarbecht vereinfachen.

D'Poliziste sollen och jee no Kompetenz méi konsequent fir Büros- oder Patrullendéngscht agesat ginn. En Dossier kann da weidergereecht ginn a muss net méi vum selwechte Beamte bis zum Schluss traitéiert ginn. De Pilotprojet mam Numm Remise/Reprise leeft no franséischem Virbild an an Ofsprooch mat der Justiz schonn am Garer Quartier. Donieft sollen déi nei rekrutéiert Beamten am zweete Joer mat op den Terrain.

Verbesserunge bei der Kommunikatioun

De Minister huet och eng besser Kommunikatioun no bannen an no baussen ugekënnegt, dat méi speziell an de Gemengen, déi als Hotspot gëllen. Nieft dem Garer Quartier sinn dat Déifferdeng, Esch an Ettelbréck. Dat Ganzt awer mat der Remark verbonnen, datt d'Police net all d'gesellschaftlech Problemer kéint léisen.