Radioen

On air

Notturno  |  Makaya McCraven - Autumn In New York

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Politik hätt méi Spillraum, wéi den Ament"

Nationale Justizrot

"D'Politik hätt méi Spillraum, wéi den Ament"

D'Regierung wëll en Nationale Justizrot iwwert en einfacht Gesetz an net iwwert d'Verfassungsreform schafen. Dem Luc Heuschling no géif si domat hiert Zil verfeelen, d'Justiz an d'Politik méi ze trennen.

auto_stories

3 min

De Justizminister Félix Braz hat an der Äntwert op eng parlementaresch Fro vum LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry en deementspriechende Gesetzprojet ugekënnegt. Well ouni d'CSV an dëser Legislatur eng Verfassungsännerung net méi méiglech ass, kéint d'Aféierung vun engem nationale Justizrot och ouni Verfassungsreform ëmgesat ginn. Nämlech iwwert ee Gesetz.

"Konform zum Verfassungstext"

Déi Ännerunge wieren net am Widdersproch zu der aktueller Verfassung. Esou argumentéiert den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry an enger parlamentarescher Fro un de Justizminister. Der aktueller Verfassung no ginn déi Iewescht Riichter vum Groussherzog genannt. Dat op Grond vun engem Avis vun der Cour Supérieure. Mat der Reform soll och den Nationale Justizrot säin Avis zur Nominatioun ofginn, esou den Alex Bodry.

"Da muss een also virgesinn, datt an iergendenger Form, sief et ier de conseil national de la justice domadder befaasst gëtt oder duerno och een Avis kënnt vum Ieweschte Geriichtshaff. Ech mengen, da wiere mir konform zum Verfassungstext. Ech mengen, datt dat do méiglech ass."

"D'Zil verfeelt"

De Luc Heuschling, Professer fir Verfassungsfroen, gesäit Konfliktpotential am Fall, wou d'Regierung zwee widersprëchlech Avisë géif virgeluecht kréien: Een Avis vun engem Geriicht an en zweeten Avis vum neien nationale Justizrot. Et kéint sinn, datt déi zwou Instanzen zu ënnerschiddleche Konklusioune kéimen. Dat heescht, zwou verschidde Persoune géife proposéieren.

"An da misst de Grand-Duc an de Minister, de facto de Minister, ee Choix treffen. Da kéim als Resultat eraus, datt d'Politik eigentlech méi Spillraum huet, wéi si den Ament huet, wou si eigentlech ëmmer den Avis iwwerhëlt vun den Instanzen."

Dem Jurist vun der Uni Lëtzebuerg no géif d'Regierung heimat hiert Zil verfeelen, d'Justiz an d'Politik méi vuneneen ze trennen.

"Nobesserungen néideg"

De Luc Heuschling sot, et wier keng wierklech Biergerbedeelegung gi beim Ausschaffe vun der Verfassungsreform. Et wier och verpasst ginn am Text d'Spezifizitéiten vun der Lëtzebuerger Verfassung ervirzehiewen.

"Zum Beispill d'Wahl-Obligatioun. Dat ass fir Lëtzebuerg eppes ganz Spezifesches. D'Chambres professionelles, eppes wat et baussent Lëtzebuerg esou net gëtt. Steet awer net an dem Text."

Och datt d'Vëlkerrecht iwwert der Verfassung géif stoen, wier spezifesch fir Lëtzebuerg an Holland. Datt am Kader vun der Euthanasie, d'Opfaassung vun de Mënscherechter zu Lëtzebuerg ganz spezifesch wier, géif och net an der Konstitutioun stoen. Do misst nach nogebessert ginn, esou de Verfassungsrechtler, Luc Heuschling.