Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Future Islands - Ancient Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Politik hëlt de Logementsprobleem net eescht"

Manifestatioun

"D'Politik hëlt de Logementsprobleem net eescht"

"Alerte Rouge" - Urgence Logement": Ënnert deem Motto war de Samsdeg de Mëtteg um Knuedler an der Stad e Protestpiquet vun der Koalitioun Wunnrecht, an där eng 20 Organisatioune regroupéiert sinn, dorënner de Mieterschutz, d'ASTI oder nach den OGBL. Eng 70 Leit waren op de Protestpiquet komm. Den Haaptmessage war: Déi politesch Responsabel géifen d'Wunnengskris nach ëmmer net als Urgence ugesinn.

auto_stories

2 min

Foto: Pierre Reyland

Lauschterenplay_arrow

"Quand vous voyez les programmes politiques, vous voyez qu'au niveau logement, il n'y a pas de programme ambitieux, il n'y a rien!", sou Jean-Michel Campanella, de President vun der Associatioun Mieterschutz. A senger Ried huet hien d'Gemengewalen an engem knappe Mount ugeschwat - a kritiséiert, datt de Logement an de Gemengen-Walprogrammer net prioritär géif behandelt ginn. Dobäi wieren déi héich Wunnengspräisser zu Lëtzebuerg eng absolut Urgence. Et sinn ëmmer méi Leit dovu betraff, och bis wäit an d'Mëttelschicht eran. Ronn zéng Prozent vun de Lëtzebuerger wieren antescht Frontalieren, sou de Jean-Michel Campanella.

OGBL: Trotz Urgence net vill Aktioun

Och de Frederic Krier, vum OGBL, fënnt, datt trotz Urgence relativ wéineg am Logement geschitt wier.

"Mir sinn elo an enger paradoxer Situatioun wou d'Demande erof geet well d'Leit keng Prête méi kréien, a gläichzäiteg falen d'Präisser awer net, bei de Loyere ginn se esou guer weider staark erop."

D'Gemenge kéinten a misste méi maachen, sou de Frederic Krier vum OGBL. Si kéinten zum Beispill selwer als Bauhär aktiv ginn. Hien erënnert och nach eng Kéier drun, datt d'Grondsteier eng kommunal Steier ass, d'Gemengen hätten also och e Mëttel fir géint d'Spekulatioun virzegoen.

Al Wunenngen déi duerch net gekläert Ierfschaften eidel stinn, kéint een iwwer d'Gestion locative sociale viru verlounen, sou ee Beispill vum Jean-Michel Campanella vum Mieterschutz.

Léiwer Selfië wéi Léisungen

Mat hirem Protestpiquet wollt d'Koalitioun Wunnrecht de politesche Parteie virun de Gemengewalen e klore Message ginn. Deen ee jonke Mann, deen um Piquet war, esou resuméiert huet.

"Mir sinn haut hei, well eng grouss Partie vun eise Politiker léiwer Selfien op de Stroossefester mécht, mee vun de komplexen Theemen, wéi d'Problematik vum Logement, fort lafen. Et geet net duer, d'Theema all kéiers op d'Walplakater ze setzen, mee et muss gehandelt ginn, fir datt endlech e sozialen a bezuelbare Wunnraum eng Realitéit gëtt, a kee Luxus méi ass."