Radioen

On air

De Moien  |  Tilly Metz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Politik huet de Lockdown missten ophiewen

Den Afloss vum Virus op d'Kris

D'Politik huet de Lockdown missten ophiewen

Souguer ouni de wirtschaftlechen Drock wier d'Politik zu engem gewësse Moment net méi derlaanscht komm, de Lockdown opzehiewen, mengt de Psycholog a Psychotherapeut Charles Benoy. Hien ass iwwerzeegt, datt d'Leit d'Restriktiounen op eemol net méi acceptéiert hätten. Mënsche wieren ëmmer bereet, sech an hirer perséinlecher Fräiheet aschränken ze loossen, wa si de Sënn an den Zweck dovu géifen agesinn. Mee wann dat net méi de Fall ass "féiert dat zu engem ënneren Drock, aus deem och Aggressioun an Aggressivitéit entstoe kann", sou de Charles Benoy.

auto_stories

3 min

De Lëtzebuerger Charles Benoy schafft zu Basel an den Universitäre Psychiatresche Kliniken (UPK).

De Lëtzebuerger, deen zu Basel an den Universitäre Psychiatresche Kliniken (UPK) schafft, huet rezent e Buch erausginn - "COVID-19. Ein Virus nimmt Einfluss auf unsere Psyche" am Kohlhammer Verlag - an deem déi psychesch Effekter vun der Corona-Kris op ënnerschiddlech Kategorie vu Leit analyséiert ginn. Huet wierklech all Mënsch ënner der Situatioun gelidden? Nee, seet de Charles Benoy, a verweist op déi ganz rezent Resultater vun der Swiss Corona Stress Study, déi d'Uni Basel realiséiert huet. An där Ëmfro hätte 26 Prozent vun de Leit uginn, si wäre wärend der akuter Phas vun der Kris manner gestresst gewiescht wéi an hirem Liewe virdrun.

Dat war sécher net de Fall fir d'Personal am Gesondheetssecteur, dat aus multiple Grënn enger ganz besonnescher Belaaschtung ausgesat war. Konfrontatioun mat Krankheet an Dout, schwiereg Aarbechtsbedingungen, Angscht virun enger Infektioun, Suergen ëm Famill a Frënn hu sech summéiert, an aus deene Beruffer eng Risikogrupp gemaach "déi ee begleede muss". Derbäi kënnt, datt déi Leit wéinst hirer Aarbecht mam Covid-Kranke méi wéi anerer dem Verdacht ausgesat waren, si kéinten de Virus hunn. Dat hätt an eenzele Fäll dozou geféiert, datt se sozial ausgegrenzt gi sinn: "Do muss ee vu Stigmatiséierung schwätzen", seet de Charles Benoy.

Wahrscheinlech och méi haislech Gewalt géint Fleegebedierfteger

Wärend scho vill iwwer déi psychesch Belaaschtung (duerch d'Isolatioun) vu Leit an Alters- a Fleegeheimer geschwat ginn ass, war d'Situatioun vu Persounen, déi doheem versuergt gi bis elo kaum en Theema. An deem Kontext hätt hie vu "ganz trageschen Zoustänn" héieren, verzielt de Psycholog. Éischtens hätten déi Betraffe selwer gelidden, well se an där Zäit keen therapeutesche Suivi konnte kréien. Doduerch wier et dozou komm, "datt vill Leit réckfälleg gi sinn oder dass d'Krankheetsbiller elo däitlech méi staark si wéi se dat virun der Kris waren", sou de Charles Benoy.

Zweetens wier et fir d'Leit aus der dacks noer Verwandschaft, déi déi Persounen doheem betreien, wärend dem Confinement net méi méiglech gewiescht, Ofstand ze huelen, well am Lockdown kee méi hinnen Aarbecht ofhuele konnt. Dat hätt zu Erschöpfungs-Zoustänn geféiert, déi zum Deel an Aggressiounen ausgeaart wären. De Lëtzebuerger Psycholog aus der Universitéits-Psychiatrie vu Basel geet fest dovun aus, datt et an där Zäit verstäerkt och zu haislecher Gewalt géint Fleegebedierfteger komm ass, och wann et dozou nach keng ofschléissend Donnéeë ginn.

Manktem u kierperlechem Kontakt huet e séileschen Impakt

Och wat d'Sucht-Verhale wärend der Kris ugeet feelt et nach u belaaschtbaren Informatiounen. Et wier fir hien "awer keng Iwwerraschung" wann den Alkoholkonsum an där Zäit staark eropgaange wier, seet de Charles Benoy.

Net ënnerschätzen däerft een de séileschen Impakt vun engem Manktem u kierperlechem Kontakt, ënnert deem eenzel Leit wärend der Kris gelidden hunn. "Kierperleche Kontakt ass eminent wichteg fir eist Wuelbefannen", sou de Psycholog. Bleift en aus, kéint dat dozou féieren, datt de Mënsch all Driff verléiert. An extreme Fäll wieren och alt emol Halluzinatiounen als Konsequenz dovu beschriwwe ginn.

Wat d'Zukunft ubelaangt ass de Charles Benoy iwwerzeegt, datt déi sozial Interaktioun sech nohalteg verännere wäert. Well Distanzreegelen anzehale sinn, misst een dovun ausgoen, "datt mer méi sozial Vermeidungstendenze wäerten hunn." D'Obligatioun, eng Mask ze droen, kéint - wéi an Asien - zu enger kultureller Verännerung féieren, mat där eenzel Leit ënner Ëmstänn net gutt eens ginn: "Dat ass grad fir Mënschen, déi ängschtlech a mësstrauesch sinn, schwiereg, well e groussen Deel vun eiser Kommunikatioun net just iwwer d'Sprooch, mee och iwwer d'Kierpersprooch stattfënnt", erkläert de Psycholog. Persounen, déi sech sozial onsécher fillen, wäerte méi grouss Schwieregkeeten hunn, aner Leit anzeschätzen, wann eng Mask en Deel vum Gesiicht verstoppt. "Si wäerte sech doduerch méi verängschtegt fillen, a sech dann och vläicht méi zréckzéien."