Radioen

On air

Resonanzen  |  Luigi Boccherini - Concerto fir Cello Nr.2 a Ré Majeur, KV 479, III. Allegro Assai - Françoise Groben (Cello), Solistes Européens, Luxembourg, Jack Martin Händler (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Marché net sech selwer iwwerloossen"

Logement

"De Marché net sech selwer iwwerloossen"

D'Chamber huet iwwer d'Entwécklung vum Wunnengssecteur an iwwer méiglech Léisungen debattéiert. D'Politik muss verstoen, datt si de Problem méi déifgräifend muss upaken.

auto_stories

2 min

2016 ass d'Awunnerzuel vu Lëtzebuerg ëm 15.000 gewuess. Dowéinst wiere 5.000 nei Wunnengen néideg gewiescht, et goufen der awer just 3.000 fräi, esou de Statec haut hei op der Antenn. Dat ass eng vun de fundamentalen Erklärunge, wisou d'Präisser pro Joer am Schnëtt ëm bal fënnef Prozent klammen. Et gëtt en Ecart vu ronn 2.000 Wunnengen d'Joer. Konklusioun: D'Offer kënnt net no. Se ass einfach net grouss genuch, fir der Demande Rechnung ze droen.

Eng Symptombekämpfung

Wann d'Populatioun weider sou wiisst wéi bis elo, da si vill vill méi Wunnengen néideg. Mir schwätzen hei net doriwwer, ob de Staat oder eng Gemeng 100 oder 200 Wunnengen d'Joer baut. Dat ass Gepléischters, an éischter Symptombekämpfung wéi soss eppes. Ronn 90 Prozent vun den elo schonn disponibelen Terrainen a Wunnengen sinn a privater Hand, an et liicht jidderengem an, datt d'Politik sech dorop konzentréiere sollt.

Léisunge wieren: méi dicht bauen, méi séier bauen an déi Terrainen a Wunnengen, déi haut eidel stinn, op de Marché kréien.

Politesch Léisungen

An dorop kann d'Politik Afloss huelen: Et ass an den Autorisatiounsprozedure méiglech de Promoteure virzeschreiwen, wéi nei Quartieren a Wunnvéierele musse concipéiert ginn. Ass net genuch Logement a Projete virgesinn, wéi zum Beispill um Ban de Gasperich oder um Kierchbierg, da mussen déi Projete jo net autoriséiert ginn. Genee sou wier et méiglech, d'Prozedur vun de Verwaltungen z'acceleréieren. An et ass definitiv méiglech, fir Steieren op Terrainen a Wunnengen z'erhiewen, net nëmme wa se eidel stinn. Wann um Immobiliemarché e Rendement vu fënnef Prozent méiglech ass, da muss de Staat dohi méi Steierrecettë siche goen. Alles anescht ass (sozial) ongerecht.

Den eenzegen Hoke bei all deem ass, datt d'Politik net de Courage fir eng méi interventionistesch Wunnengsbaupolitik huet. Véier vu fënnef Lëtzebuerger, also Wieler, si Proprietär. Aus genee deem Grond gëtt de Marché zënter Joerzéngten ze vill sech selwer iwwerlooss, mat als Konklusioun Präisser déi derapéieren an enger ëmmer méi grousser Zwouklassegesellschaft: Deenen, déi fir vill Geld eng (ze) kleng Wunneng loune mussen an déi dowéinst net méi vill Sue Rescht hu fir aner Saachen, an deenen, déi sech eng uerdentlech Wunneng leeschte kënnen. Deen Ënnerscheed huet d'Tendenz och an der Famill ze bleiwen: Wie bis op der gewonnener Säit ass, ierft d'Virdeeler vun de Virfaren a kann dorop opbauen an d'Diskrepanz wiisst weider. Sou gesinn ass et dem Staat seng Obligatioun fir géigenzesteieren amplaz nozekucken, wéi d'Ongerechtegkeeten ëmmer méi grouss ginn.

Lauschterenplay_arrow