Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Press ass ënner Drock

Fräie Mikro

D'Press ass ënner Drock

D'Lëtzebuerger Presselandschaft ass virun engem Mount ëm ee Pressetitel méi aarm ginn. Vill Froe stelle sech iwwer d'Zukunft vun eiser Medielandschaft, mee déi allerwéinegst bréngen et fäerdeg, ee kloert Bild vun deem uerg gerëselte Secteur ze molen. Iwwerleeungen dozou vum Laurent Moyse.

auto_stories

3 min

Laurent Moyse

Ufank Juni huet de Grupp Editpress hir franséischsproocheg Wochenzeitung Le Jeudi ouni vill Gedeessems agestallt. D'Wirtschaftlechkeet vun der Zeitung war net méi tragbar, trotz der staatlecher Pressehëllef, déi dëst Organ - wéi verschidden anerer och - all Joer kasséiert huet. Mat enger Verkafszuel, déi pro Woch ënner 1.500 Exemplairen erofgerutscht ass, konnt Editpress, déi selwer finanziell staark geschwächt ass, dee Produit net méi iwwer Waasser halen.

An der Lëtzebuerger Medielandschaft ass dëst Nouvelle zimlech kal opgeholl ginn. Dat ass net erstaunlech, wann ee weess, datt d'Medienhaiser ganz vill mat sech selwer beschäftegt sinn, a si alleguer méi oder wéineger no wirtschaftleche Modeller sichen, déi an Zukunft d'Iwwerliewe vun hire Produite garantéiere kéinten. D'Kris an der Press ass zwar net nei, mee si huet sech mam digitale Wandel verschäerft. Zu Lëtzebuerg war ee bis elo éischter verwinnt: gemooss un der Gesamtpopulatioun war d'Zuel vun de Medientitelen ëmmer relativ héich, op jiddefalls am Verglach mam Ausland.

Vereinfachung amplaz Analys, Recherche a Reflexioun

D'Digitalisatioun ass awer nëmmen eng vun den Ursaachen déi maachen, datt d'Medielandschaft, a besonnesch d'Presselandschaft, staark ënner Drock geroden ass. D'Vilfältegkeet vun der Populatioun an doduerch vun de Sproochen, hunn de Maart esou staark fraktionéiert, datt keen Organ et méi fäerdeg bréngt, all déi verschidde Bestanddeeler vun eiser Gesellschaft ze erreechen. An den alldeegleche Pendel vun de Frontaliere mécht et net méi einfach, fir gläichzäiteg d'Interesse vun den Residenten a vun den Net-Residente mat pertinenten Informatiounen ze decken.

Een anere Volet ass de Gratiskonsum, deen d'Informatioun masseweis iwwer eis Schiermer liwwert, eng Low-Cost-Informatioun, déi un Iwwerflächlechkeet kaum ze iwwerbidden ass, awer de Virdeel huet, séier a flächendeckend un de Konsument ze kommen. Do gëtt manner d'Kompetenz vum Beruffsjournalist a Saachen Analys, Recherche a Reflexioun gefrot, wéi seng Fäegkeet, déi verschidde Plattforme gläichzäiteg mat kuerzen a bündegen Texter ze fidderen.

Eegeverantwortung kann net schueden

Iergendwéi leeft hei eppes falsch zesummen. Ëmmer méi gëtt op e vereinfachten Inhalt zougegraff, fir datt ee gewuer gëtt, wat an enger ëmmer méi komplexer Welt geschitt. Esou eng Entwécklung kann net gutt ausgoen. Mir spieren et elo schonn, wa mir gesinn, wéi weltwäit een Deel vun der Politik den Dréi fonnt huet, sech mat simplisteschen Iddien duerchzesetzen an net fäert, d'Leit heimat ze manipuléieren. Souguer d'Fakte ginn ëmmer méi dacks verdréit, woubäi net nëmme Politiker sech domat an d'Zeen setzen, mee och munchmol Journalisten, ONG-Vertrieder, Public-Relation-Manager oder aner wichteg Acteuren aus der Gesellschaft. Et ass traureg ze gesinn, datt esou vill Leit sech vun all deem dreiwe loossen a sech weder Zäit nach d'Energie huelen, fir sech fräi an onofhängeg eng Meenung ze bilden, éier si op déi sozial Netzwierker lassfueren an dacks kollateral Schied uriichten. E bësschen Eegeverantwortung kéint do op jiddwer Fall net schueden.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.