Radioen

On air

Tockcity  |  Mdou Moctar - Imouhar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Pressefräiheet a Gefor?

Frankräich

D'Pressefräiheet a Gefor?

A Frankräich suergt eng ëmstridde Gesetzreform fir Onrouen. Mat der Sécurité Globale soll an Zukunft d'Verëffentlechung vu Biller vu Poliziste verbuede ginn. Dat reegt vill Journalisten an Aktivisten op - si gesinn doranner eng Verletzung vun der Pressefräiheet. Den Dënschdeg gouf a ville Groussstied dogéint demonstréiert. Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn war fir eis derbäi an huet mam Affekot Arié Alimi geschwat.

auto_stories

3 min

D'Roserei géint d'Police wiisst. Trotz dem Confinement ass d'Plaz virun der Assemblée Nationale voll mat Journalisten, Aktivisten an anere Bierger, déi fir hir Meenungsfräiheet fäerten. Et geet ëm d'Gesetzreform vun der Sécurité Globale.

Identitéit vu Fonctionnaire soll geschützt ginn

D'Regierungspartei La République en Marche huet dee Gesetzesvirschlag virun engem Mount agereecht. Se wëllen domadder d'Poliziste besser schützen. Duerch den Artikel 24 soll d'Verbreede vu Biller verbuede ginn, op deenen d'Identitéit vun engem Fonctionaire wärend sengem Asaz ze erkennen ass. Dat kléngt no Zensur.

Den Affekot Arié Alimi ass Deel vun der Organisatioun Ligue des Droits de l'Homme. Hie schléit Alarm:

"La dangerosité, c'est la censure de la presse. La dangerosité, c'est l'interdiction, c'est la possibilité de donner aux fonctionnaires de police d'empêcher les journalistes"

Souguer d'UNO huet virun e puer Deeg e Bréif un d'Assemblée Nationale geschriwwen. Si gesi mat der Gesetzesännerung d'Pressefräiheet a Gefor. Dëst Grondfräiheet gëtt a Frankräich vun der Constitutioun a vun der Charta vun den EU-Grondrechter geschützt.

Et kéint en Afloss op d'Press hunn

Mee kann ee wierklech vun Zensur schwätzen, wann d'Biller vu Polizisten net per se verbuede sinn? Soulaang d'Gesiicht verpixelt gëtt, kann een d'Foto ouni Konsequenzen deelen. Den Arié Alimi geet trotzdeem dovunner aus, datt d'Reform en Afloss op Journaliste wäert hunn.

"Ça veut dire que les journalistes n'oseront plus forcément filmer comme ils le faisaient avant ou diffuser comme ils le faisaient avant. Si par exemple vous avez la nécessité de flouter les images des fonctionnaires de police avant de pouvoir diffuser, là, vous avez une opération de retraitement et un temps long, ce qui implique une perte de spontanéité et un changement de comportement du journaliste et des directions d'information."

Dem Maitre Alimi no wier d'Gesetzreform an éischter Linn dozou do, fir d'Berichterstattung iwwer polizeilech Gewalt ze erschwéieren. D'Poliziste kéinte sech nämlech och op aner Artikele stëtzen, falls si Affer vun ëffentlecher Belästegung ginn, esou de 44-järegen Affekot.

Aarbechtskonditioune verschlechtere sech

Trotzdeem: D'Aarbechtsbedéngunge vun der Police verschlechtere sech a Frankräich zanter Joren. Eleng an de leschten zwee Joer ass d'Gewalt géint Polizisten ëm 18 Prozent geklommen.

Den Arié Alimi fënnt awer, datt eng Gesetzreform dogéint näischt hëlleft. Frankräich wier momentan an enger prekärer Situatioun. Dat sollten aner Länner zur Kenntnis huelen.

"Le problème c'est que la France est un modèle. Ça a toujours été un modèle. Et il est probable qu'il le reste à l'avenir et que peut-être d'autres pays basculent en même temps parce qu'en se disant: Bah si la France le fait, pourquoi pas nous. Et donc c'est pour ça qu'il faut se battre aujourd'hui avec les dents pour essayer d'empêcher ce basculement. Ça va être très compliqué, mais on va tout faire pour."

Dësen Elan huet een och den Dënschdeg op der Demonstratioun gespiert. D'Roserei, virun allem vu jonken Aktivisten, ass ausser Kontroll geroden. Et gouf op Autoe geklommen, op Fassade gesprayt an och op de Mundschutz ass gäre verzicht ginn.

Um hallwer aacht ass d'Demonstratioun vun der Police mat Tréinegas opgeléist ginn. Zanter den Terroruschléi gräife si méi rigouréis zou wéi soss. Mee dat hält d'Demonstranten net of, weider Drock ze maachen. Déi nächst Demonstratioun ass fir de Samschdeg geplangt.