Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Primme fir Elektro-Gefierer a Vëloe bleiwe weider zwee Joer bestoen

Finanziell Ënnerstëtzung

D'Primme fir Elektro-Gefierer a Vëloe bleiwe weider zwee Joer bestoen

D'Primme fir Elektro-Gefierer a Vëloe bleiwe weider zwee Joer bestoen. De Regierungsrot hat de leschte Mëttwoch gréng Luucht ginn, fir de Programm "clever fueren", deen den 31. Mäerz sollt auslafen, bis 2024 ze verlängeren. D'Klimaministesch Carole Dieschbourg huet dozou haut Explikatioune ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Net nëmmen de Klimawandel, mee och den aktuelle geopolitesche Kontext géifen en Ëmklammen op erneierbar Energien enorm wichteg maachen. Ënnert anerem géif dofir d'Elektromobilitéit gefërdert ginn, an dat mat Succès, sou d'Ministesch. D'lescht Joer goufe ronn 9.000 nei Elektrogefierer hei am Land immatrikuléiert, méi wéi e Fënneftel vun all den Nei-Immatrikulatiounen zejoert. Aktuell géif ee bei engem Undeel vun 10,5 Prozent Elektroautoe leien, sou d'Ministesch.

D'Primm "Clever fueren" gëtt accordéiert fir CO2-neutral Autoen, Vëloen a soss elektresch bedriwwe Gefierer wéi E-Motoen an E-Vëloen. Jee no Typ kritt ee 600 bis 8.000 Euro fir de Kaf vun engem Elektrogefier oder Vëlo vum Staat zeréck. E puer Changementer ginn et mat der Verlängerung vum Programm. D'Primm fir den Elektroauto kritt een direkt ausbezuelt, d'Gefier muss een duerno awer e ganzt Joer halen, an net nëmme wéi bis elo siwe Méint. Domat wéilt een Abuse verhënneren, sou d'Carole Dieschbourg. Bei dem héchste Montant gëtt et iwwerdeems eng Ouverture, fir datt och méi grouss Autoen, haaptsächlech Familljeween drënner falen.

"Dat sinn déi Autoen déi an där mëttelster Kategorie leien, wou d'Leit dann hesitéieren nach dat eent oder anert aus engem Package ze huelen, well en da just net méi an d'Konditioune fält."

D'Primm vun 1.500 Euro fir Hybrid-Autoen gëtt wéi schonn am Virfeld annoncéiert net verlängert. Se gëtt awer nach accordéiert fir Gefierer, déi bis den 30. September d'lescht Joer bestallt goufen an déi bis d'Enn vun dësem Joer ugemellt ginn.