Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Qualitéit vun der Fuerschung ass héich"

Luxembourg Institute of Health

"D'Qualitéit vun der Fuerschung ass héich"

Zënter ronn engem Mount ass den Ulf Nehrbass den neie Generaldirekter vum "Luxembourg Institute of Health" zu Stroossen. Hie wëllt d'Grondlagefuerschung weider entwéckelen a méi no un de Patient bréngen. Zu Lëtzebuerg gesäit hie grousst Potential.

auto_stories

3 min

Ulf Nehrbass

E grousst Potential gesäit den neie Generaldirekter Ulf Nehrbass an der Kooperatioun vum "Luxembourg Institute of Health" mat aneren internationalen Instituter.

Den Ulf Nehrbass huet Biochimie zu Tübingen an Däitschland an zu Cambridge a Groussbritannien studéiert. 1992 huet hie seng Dokteraarbecht zu Heidelberg am "European Molecular Biology Laboratory" ofgeschloss.

Duerno huet hien op der Rockefeller Universitéit zu New York am Labo vum spéideren Nobelpräisdréier fir Medezin, dem Günter Blobel geschafft an huet den "Institut Pasteur" zu Seoul a Korea gegrënnt, dee sech op Infektiounskrankheeten a Kriibsfuerschung spezialiséiert.

Eng Medezin méi no um Patient

Duerch seng Aarbecht am däitsch-franséischen Institut "Ksilink" zu Stroossbuerg, deen hien an d'Liewe geruff huet, bréngt hien eng grouss Erfahrung am sougenannte "Bed1 - to bench - to bed"-Prinzip mat (wiertlech: Vum Patientendësch op de Labosdësch an zréck bei de Patient an d'Spidol).

"Et fänkt ee mat enger Krankheet an dem spezifesche Besoin vun engem Patient am Spidol un. Déi Krankheet versicht een dann ze modelliséieren."

Et géife Modeller ginn, déi sech ganz konkret op d'Patiente baséieren. Vun engem kranke Patient kéint een zum Beispill e Stammzellemodell maachen. Dobäi entsprécht d'Krankheet da genee deem, wat am Patient virläit. De "bed - to bench - to bed"-Prinzip ass also eng ganz personaliséiert Medezin fir de Patient, esou den Ulf Nehrbass.

Virun allem an der Kriibsfuerschung kéint een d'Krankheeten ëmmer besser kategoriséieren.

"Et sinn net méi déi grouss Tiräng, déi ee fréier hat. Do gouf et just eng Form vu Kriibs, mat engem oder zwee Medikamenter. Et versteet ee mëttlerweil, datt d'Kriibserkrankunge ganz individuell sinn."

Grousst Potential zu Lëtzebuerg

Den Ulf Nehrbass gesäit zu Lëtzebuerg e grousst Potenzial: D'Qualitéit an der Fuerschung wier hei am Land immens héich, esou den neien Direkter vum "Luxembourg Institute of Health." Lëtzebuerg hätt an de leschten 20 Joer vill investéiert.

Wat d'Publikatiounen an hir Qualitéit uginn, géif Lëtzebuerg op enger Linn mat den Nopeschlänner Däitschland a Frankräich leien. Allerdéngs misst een hei am Land nach méi an d'Déift goen. Zu Lëtzebuerg géife pro Joer ëm déi 2.000 Publikatioune verëffentlecht ginn.

Fir op internationalem Niveau méi siichtbar ze ginn, wier et allerdéngs wichteg, sech méi ze fokusséieren.

"Et kann een net an alle Krankheetsgebidder schaffen. (...) D'Haaptschinnen hei zu Lëtzebuerg sinn d'Kriibsfuerschung an déi neurodegenerativ Krankheeten."

En translationale Moteur mat den Nopeschlänner

De "Luxembourg Insitute of Health" misst zesumme mat senge Partner en translationale Moteur ginn. D'Grondlagefuerschung géif an Däitschland a Frankräich gutt virugoen. Bei der Uwendung vun dëser Grondlagefuerschung wier allerdéngs nach vill Potential no uewen. Et sollt een den Noperen hëllefen.