Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Cassandra Jenkins - Only One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Reegel ass, datt een doheem ass"

Etat de crise

"D'Reegel ass, datt een doheem ass"

De Premierminister Xavier Bettel huet méi streng Mesurë wéinst der Corona-Kris annoncéiert. Leit, déi onnéideg Deplacementer maachen, sollen an Zukunft bestrooft ginn. D'Schoule bleiwe bis op Weideres zou.

auto_stories

4 min


De Bäitrag vum Serge Kesseler iwwer den Etat de crise lauschterenplay_arrow


D'Regierung huet de Règlement Grand-Ducal ugeholl, deen den Etat de crise fir déi nächst zéng Deeg definéiert, huet de Xavier Bettel annoncéiert. D'Mesuren, déi an deem Reglement festgehale sinn, wieren direkt rechtskräfteg, seet de Premier. Soll den Etat de crise virugoen, muss d'Chamber bannent zéng Deeg e Gesetz doriwwer unhuelen.

Sozial Kontakter op e Minimum reduzéieren

Deplacementer sinn op de strikte Minimum reduzéiert ginn. "Et soll een net dobaussen zirkuléieren." Dat wieren Ausnamen, d'Reegel wier, datt een doheem wier. Sozial Kontakter soll een op e Minimum reduzéieren.

Déi Leit, déi schaffen, mussen och schaffe goen, seet de Xavier Bettel. Net jiddweree kéint doheem bleiwen, well d'Gesellschaft dierft net erstécken. De Premier seet, d'Regierung hätt am Règlement Grand-Ducal iwwer d'Corona-Kris preziséiert, ënner wéi enge Konditiounen een nach virun d'Dier dierf.

Ausname géifen et fir déi Beruffer ginn, wou keen Télé-Travail méiglech wier. Dat géif och fir Frontaliere gëllen. Et wier een am Kontakt mat Frankräich an Däitschland, fir do Accorden ze fannen. Mat der Belsch gëtt et do schonn een Accord.

Net alles ass zou

"Mir mussen als Gesellschaft och weider Servicer ubidden, datt d'Gesellschaft net erstéckt." Ausname wieren urgent, z. B. fir medezinesch Noutfäll. "Et soll ee just an Noutfäll bei den Dokter goen."

Eng aner Ausnam: Liewensmëttel akafe goen, fir sech oder fir aner Leit. Akafe vu Medikamenter, urgent Rendez-vouse bei Banken an Assurancen. Et kéint ee kuerz erausgoen, mee net fir laang. Et soll een dobaussen eleng sinn, oder mat deene Leit, mat deenen ee wunnt.

D'Leit solle sech dobaussen net mat anere Leit mëschen. D'Activité commerciale, wou Kontakt mam Client wier, soll ënnerbrach ginn. Et dierf ee keng Leit empfänken, et wier awer méiglech, fir Saachen ze liwweren.

Caféen, Restauranten an d'Chantiere bleiwen zou, esou de Premier. Wéi och an der Belsch dierfen zu Lëtzebuerg d'Zeitungsbutteker opbleiwen, fir datt d'Leit sech kënnen informéieren. Tankstellen a Butteker fir Déierefudder bleiwen och weider op.

Geplangte Sanktiounen

Wie sech als Eenzelen net un d'Reegelen hält, fir dee gëlle vu lo u Sanktiounen, déi de François Bausch muer de Moie géif am Detail erklären. Et géif en Avertissement taxé vun 145 Euro fir onerlaabt Deplacementer ginn.

E Commerce, dee sech net un d'Fermeture hält, ka bis zu 4.000 Euro Strof kréien, déi ka verduebelt ginn, wann de Proprietär e puermol géint d'Reegele verstéisst.

"Jo et ass eng schwiereg Situatioun. Et ass e Moment, wou aussergewéinlech Mesurë geholl ginn. A wou virun allem aussergewéinlech Mënschen dobausse sinn, déi Aussergewéinleches leeschten. Residenten a Frontalieren. Grad am Gesondheetssecteur. Mee och an de Supermarchéen. Ech wëll soen, datt een déi nächst Woche ganz sécher ka weider Liewensmëttel akafe goen. Et muss ee sech net doheem e Supermarché opbauen. Wann der mengt, dir misst de Caddy voll maache bis et net méi geet, dann denkt un déi, déi no Iech kommen a virun eidele Regaler stinn."

Impakt vun de Mesuren

D'Fro vum 100,7 iwwer den Impakt vum Etat d'Urgence sanitaire am Frankräich: Frankräich wéisst op héchstem Niveau, wat et géif fir Lëtzebuerg bedeiten, wa Frontaliere géifen zeréck a Frankräich geruff ginn. Lëtzebuerg hätt déi Garantië kritt, datt dat net géif geschéien.

Hie kéint haut net soe wéi laang et dauert a wat d'Konsequenze sinn, seet de Xavier Bettel (DP). Eventuell misst Lëtzebuerg e Marshallplang "à la luxembourgeoise" fir d'Ekonomie decidéieren. A verschidden aner Saachen, déi geplangt waren, kéinten eventuell net gemaach ginn. Mee lo misst alles gemaach ginn, wat néideg ass. D'Mënsche géife virgoen.

Schoule bleiwen zou, keng Tripartite

D'Schoul geet net virun der Ouschtervakanz op, confirméiert de Regierungschef. An den nächsten Deeg géif e Peak kommen. Haut hätte mer den zweeten Doudege wéinst dem Coronavirus matgedeelt kritt. Et wier ze fréi fir d'Schoulen nees virun der Ouschtervakanz opzemaachen.

De Xavier Bettel annoncéiert, datt och den Aarbechtsminister Dan Kersch an de Romain Schneider, Minister vun der Sécurité Sociale, muer eng Pressekonferenz maachen. Eng Tripartite, wéi vu Gewerkschafte gefuerdert, kéint hien elo net organiséieren, esou de Premier. Dat géif ze vill Zäit kaschten.

"Mir packen dat just, wa mer zesummenhalen, wa mer Respekt hunn, a wa mer Solidaritéit beweisen", esou d'Schlusswuert vum Regierungschef.