Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Parquet Courts - Tenderness

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Reform vun der EU an de Wahlprogrammer

Chamberwahlen 2018

D'Reform vun der EU an de Wahlprogrammer

D'Europäesch Unioun stécht an enger politescher Kris. Am Wahlkampf zu Lëtzebuerg spillt europäesch Politik bis elo keng grouss Roll. Mee wéi eng Roll soll d'EU an Zukunft spillen - brauche mir méi oder manner EU? Wéi soll d'Eurozon reforméiert ginn? Brauch d'EU een europäesche Finanzminister, fir den Euro méi krisesécher ze maachen? E Bléck an d'Wahlprogrammer.

auto_stories

8 min

D'EU-Korrespondentin Danièle Weber huet d'EU-Proposen an de Wahlprogrammer analyséiert.

Mol virop - där Äntwerte fënnt een net all ze vill an de Wahlprogrammer - iwwer d'Europapolitik gëtt do net grad "en long et en large" diskutéiert. Dacks bleift et bei allgemenge Constaten, oder Bekenntnisser - déi net ëmmer ganz kohärent sinn, wann een de Programm vu vir bis hannen duerchliest.

Op déi ganz fundamental Fro "Brauche mir an Zukunft méi oder manner EU?" hunn d'Lëtzebuerger Parteien ënnerschiddlech Äntwerten.

KPL: D'EU ass net reforméierbar

Direkt eraus aus der EU wëllt keen - och net d'Parteien um rietse Bord. Déi radikaalst Positioun iwwer d'Zukunft vun der EU kënnt am Grand Duché vu lénks: D'EU wier net capabel Mesurë géint déi kapitalistesch Kris ze huelen - si wier net reforméierbar, seet d'Kommunistesch Partei a wëllt se dofir ganz ofzeschafen.

"Gemeinsam mit anderen kommunistischen Parteien Europas tritt die KPL dafür ein, die EU in ihrer bisher existierenden Form aufzulösen und im Interesse aller Werktätigen eine neue Struktur für alle Völker des europäischen Kontinents zu schaffen."

Konsequenterweis sollten d'EU-Traitéen annuléiert, d'Währungsunioun opgeléist, den Euro ofgeschaaft an de Frang nees agefouert ginn.

déi Lénk: EU-Stabilitéitsmechanissem ofschafen

Manner wäit ginn déi Lénk, fir si soll net den Euro, mee awer de Stabilitéitsmechanismus an de Fiskalpakt, deem sech d'Länner, déi den Euro hunn, verflicht hunn, ofgeschaaft ginn.

"La politique du gouvernement luxembourgeois doit être fondée sur le respect des choix démocratiques des populations, et non pas sur l'imposition de recettes néolibérales élaborées par des technocrates non élus et le lobby financier."

Och fir déi Lénk gëtt d'EU net déi richteg Äntwert op Krisen, si ass vill méi eng "Austeritéits- a Privatiséierungs-Maschinn". A wann et esou virugeet, kéint si sech geschwë selwer ofschafen, well d'Leit kee Sënn an där EU géife gesinn.

DP: Keng konkret Aussoen zu Reformen

Méi oder manner EU? Déi Fro gëtt bei der DP net ganz eendeiteg beäntwert. Engersäits soll d'EU méi enk zesummewuessen - anerersäits betount d'DP, datt manner och méi kéint sinn. Am Text kléngt et bal schonn, wéi wann d'EU ze vill géif maachen:

"Die EU kann allerdings nur dann effizient arbeiten, wenn sie sich auf die großen Herausforderungen konzentriert und auf deine überflüssige Regulierung verzichtet, die dem Bürger das Leben unnötig erschwert. Es gilt auszumachen, welche Aufgaben auch oder besser auf nationaler Ebene verwaltet werden können."

Wéi eng Aufgaben dat genee kéinte sinn, gëtt net präziséiert. D'DP bleift och soss éischter vague a geet net op grouss Reformproposen an, déi zum Beispill d'Europäesch Kommissioun gemaach huet.

CSV: Lëtzebuerg am Fokus

Dat nämmlecht gëllt fir d'CSV. An hirem Programm gëtt ganz allgemeng festgehalen, d'EU misst capabel sinn, sech ze reforméieren a sech positiv ze entwéckelen.

Lëtzebuerg steet dobäi am Fokus vun der CSV: Déi fënnt de Grand Duché sollt säi Gewiicht an europäeschen Decisiounen ausbauen:

"Wir wollen der Diplomatie der Kurzsichtigkeit und der Impulsivität ein Ende setzen, um erneut die strategischen Interessen unseres Landes innerhalb der Europäischen Union geschickter durchzusetzen, ohne dabei das große Ganze aus den Augen zu verlieren."

LSAP: Fir en europäesche Finanzminister

Eng méi konkret Äntwert dorop wéi d'EU misst reforméiert ginn huet d'Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechter Partei. Fir d'LSAP huet d'Eurokris gewisen, datt den institutionelle Kader méi kloer misst ginn an datt déi europäesch Wiertschafts- a Finanzpolitik misst gestäerkt ginn.

Dozou géif e Vollzäit-EU-Finanzminister gehéieren, deen och Member vun der EU-Kommissioun wier, an eng méi demokratesch Eurozon:

"Die demokratische Kontrolle sollte durch eine Spezialkommmission des Europaparlaments gewährleistet werden. Die LSAP spricht sich ferner dafür aus, den Europäischen Stabilitätsmechanismus in einen Europäischen Währungsfonds umzuwandeln, auf den in Krisenzeiten zurückgegriffen werden kann."

Den Eurogrupp sollt sech nieft Wiertschaft- a Finanz- och mat Sozialfroe beschäftegen. D'EU-Länner géifen och dozou verflicht ginn, sozial Critèrë bei der Opstellung vun hire Budgeten ze berécksiichtegen.

D'LSAP geet, am Contraire zur DP oder zur CSV, och op Reforme fir d'Europawahlen an. D'Sozialiste sinn dofir transnational Wahllëschten anzeféieren an dofir europawäit Spëtzekandidate fir dës Lëschten ze nominéieren.

Piraten: Europäesche Conseil ofschafen

Explizit fir esou Lëschte sinn och déi gréng oder d'Piraten, déi nach méi wäit ginn a sech am Fong am däitlechste vun alle Parteie fir méi Europa a manner Nationalstaat ausschwätzen.

Als Zil gëllt fir si eng Republik Europa, an där Memberstaate sech opléisen an déi regéiert gëtt duerch eng Kommissioun, där hire President vun alle Bierger soll gewielt ginn.

"Dofir wëlle mir och fir d'Wahl vum Europäesche Parlament d'Méiglechkeet fir europawäit Lëschten ze wielen. Nieft dem Europäesche Parlament wëlle mir och eng demokratesch gewielten zweet Kummer fir d'Vertriedung vun de Memberstaaten."

Dës zweet Kummer géif dann den Europäesche Conseil, also déi Instanz an där d'Staats- a Regierungscheffen aus de Memberlänner sëtzen, carrement ersetzen. Allerdéngs missten d'Bierger méi kënne matbestëmmen an dëser EU.

déi gréng: Chamber soll och EU-Gesetzer proposéieren

Dat wëllen och déi gréng, déi den Akzent awer och op d'Transparenz leeën. An op de Lien Lëtzebuerg-Bréissel, dee méi enk soll ginn. Si wëllen dofir

"- die Positionierung der luxemburgischen Regierung im EU-Rat vorab in der Chamber diskutieren lassen;

- den Mitarbeiterstab der "Chamber" im Bereich der Europapolitik und das Verbindungsbüro der "Chamber" in Brüssel stärken;

- den nationalen Parlamenten ermöglichen, die EU-Kommission zur Vorlage eines Gesetzesvorschlages aufzufordern."

déi gréng wëllen och eng onofhängeg EU-Agencë schafen, déi déi finanziell Interête vun EU-Kommissären, Europadeputéierten oder héije Fonctionnairen iwwerpréift.

ADR: Kee Vereenegt Europa

Op der Droite dann ass ee sech eens: D'EU soll éischter manner wéi méi Rechter kréien. D'Alternativ Demokratesch Reformpartei bekennt sech zwar zur EU, si muss der ADR no awer een Zesummespill si vu souveräne Memberlänner:

"D'ADR wiert sech mat alle Mëttele géint e federaalt Europa. Lëtzebuerg däerf net zu deem klengsten "Bundesland" vum "Vereenegten Europa" ginn, mat enger, nom Verhältnes vun der Populatioun, minimaler Representatioun an den Institutiounen."

Wat d'Reform vun der Eurozon ugeet, seet d'ADR just datt Méiglechkeete geschafe ginn, fir datt ee "Staat definitiv oder temporär aus der Währungsunioun austriede kann".

Déi Konservativ: Noutfalls de Frang erëm aféieren

Déi Konservativ gi sech EU-kritesch an EU-skeptesch, stellen awer eng Memberschaft an der Unioun och net a Fro. Si wëllen "net méi mee manner Europa", si wëlle méi Lëtzebuerg, an eng nei EU-Constitutioun:

"Et brauch Verhandlunge fir eng nei europäesch Verfassung, déi dréngend a Kraaft triede muss. De politeschen Ëmbau vun der Europäescher Unioun, hin zum Modell Europa vun de Natiounen, geet parallel mam Ausschaffe vun engem neie vëlkerrechtleche Vertrag."

D'Eurozon soll nei organiséiert ginn: Länner, déi héich verschëlt si sollen temporär ausgeschloss ginn a kee Land soll fir een anert hafte mussen. Lëtzebuerg soll awer, sou déi Konservativ, um Euro festhalen, mee een Noutfallplang ausschaffe fir am Extremfall vun engem Eurokollaps de Lëtzebuerger Frang nees anzeféieren.