Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Poppy Ajudha - Watermelon Man (Under The Sun)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Regierung huet keng Industriepolitik"

No Ofso vu Fage

"D'Regierung huet keng Industriepolitik"

Den Dossier Fage wier eng "Blamage" fir déi ganz Lëtzebuerger Regierung. Duerch de Réckzuch vum Jugurtsproduzent wier e Reputatiounsschued am Ausland entstanen, ënner deem Lëtzebuerg nach "ganz laang wäert leiden", esou de Laurent Mosar.

auto_stories

1 min

D'Affär hätt opgedeckt, datt déi aktuell Regierung keng Industriepolitik hätt, an datt d'Regierung sech intern net eens wier.

"Eng Regierung muss um Niveau vun der Industriepolitik mat enger Stëmm schwätzen, wa se dann iwwerhaapt dobausse wëllt Credibilitéit hunn. Dat ass hei net geschitt."

Den CSV-Politiker begréisst zwar, datt d'Regierung an Zukunft méi fréi wëllt klären, ob nei Industrieprojeten nohalteg genuch sinn. Allerdéngs géif hien net verstoen, firwat d'Regierung hir Industriepolitik eréischt no siwe Joer am Amt definéiert. An Tëschenzäit wieren direkt e puer Projeten "an de Sand gesat ginn", esou de Laurent Mosar.