Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Regierung lancéiert de "Klima-Biergerrot"

Klimawandel

D'Regierung lancéiert de "Klima-Biergerrot"

D'Regierung huet de Mëttwoch de Klima-Biergerrot offiziell lancéiert. 100 Leit sollen dofir rekrutéiert ginn; fir datt dat consultatiivt Gremium gesellschaftlech representativ ass këmmert sech de Sondageinstitut TNS-Ilres em d'Zesummesetzung dovunner. Duerch de Klima-Biergerrot erhofft d'Regierung sech e gesellschaftleche Konsens doriwwer wei ambitiéis déi national Klima-Politik kéint sinn. Bis zur Summervakanz soll d'Gremium der Chamber Propositiounen a Saache Klimapolitik formuléieren.

auto_stories

2 min

De Premier Xavier Bettel hat virun zwee Méint an der Ried zur Lag vun der Natioun fir d'éischt esou e Biergerrot annoncéiert dee sech mam Klimawandel befaasse soll. D'Membere géife gefrot ginn, wat si iwwer d'Mesuren aus dem Klima- an Energieplang eraus wéilte maachen.

De Mëttwoch goufe méi Detailer iwwert d'Zesummesetzung vum Gremium virgestallt: rekrutéiert ginn 100 Bierger vu 16 Joer un, dorënner och en Deel Frontalieren. Bei hiren Diskussioune solle si vun Experte begleet ginn. Eng Budgetsenveloppe vun enger Millioun Euro gëtt fräigestallt. Nom Jetons-prinzip aus de Chamberkommissioune ginn d'Membere vum Biergerrot fir hiren Asaz belount.

Beim Lancement hu souwuel de Premier wei d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg an den Energieminister Claude Turmes "d'demokratesch Participatioun" groussgeschriwwen. Dat wier "modern Politik", esou de Claude Turmes. Dem Xavier Bettel no dierft et a Saache Klimapolitik keen topdown, mee bottom-up ginn.

"Mir kréie keen Erfolleg wa mer de Leit just imposéieren ouni mat hinnen ze diskutéieren, ouni se matzehuelen, ouni se mat ze responsabiliséieren an hinnen och en Deel vun der Verantwortung ginn an deem si eis matdeelen 'mir si bereet mat op deem dote Wee ze goen'."

De Klima-Biergerrot mécht keng verbindlech Recommandatiounen

Déi éischt Sessioun vum Klima-Biergerrot soll Enn Januar sinn, a bis zur Summervakanz huet d'Gremium Zäit fir am Konsens Iddien a Propositiounen un d'Chamber ze formuléieren, déi dono ëffentlech debattéiert solle ginn. An eventuell kéinte verschidde Mesurë sech dann am nächste Klima- an Energie plang erëmfannen.

"Et ass net eng Reunioun déi kënnt, wou näischt geschitt. Egal wéi geschitt eppes domat. Et kënnt an d'Chamber an dann dono an de PNEC, mee do brauch een dann och eng Majorité parlementaire. Mee et gëtt driwwer diskutéiert an debattéiert."

D'Recommandatiounen un d'Politik sinn also net verbindlech. Wéi wäit Lëtzebuerg bereet ass ze goe fir der Klimaurgence entgéintzewierken, doriwwer wäert am Endeffekt nach ëmmer d'Politik mussen tranchéieren.