Radioen

On air

De Moien  |  EU-Parlament adoptéiert Mesuren fir Agrarpolitik

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Relioun spillt nëmmen nach eng marginal Roll"

Chrëschtdag

"D'Relioun spillt nëmmen nach eng marginal Roll"

E Méindeg ass Chrëschtdag. An de leschte Joren ass dëst Evenement ëmmer méi kommerzialiséiert ginn. Do kann ee sech mol d'Fro stellen, op dee reliéise Volet, dee jo un der Basis vun deem Fest steet, net ze kuerz kënnt. Fir de Generalvikar Leo Wagener kann een dat net verallgemengeren.

auto_stories

2 min

Dat Reliéist u Chrëschtdag géif an der Majoritéit vun der Gesellschaft éischter eng marginal Roll spillen. Dat misst hien éierlech zouginn. Allerdéngs wieren d'Gottesdéngschter op deenen Deeg awer méi besicht, wéi zu aneren Zäiten.

Trotzdeem hätt Chrëschtdag eng ganz präägend Kraaft an den Traditioune vun de Famillen, betount de Generalvikar Leo Wagener.

"Et ass ee Fest, dat d'Leit zesummebréngt. Ee Fest, dat verbonne gëtt mam Message vu Fridden a Mënschlechkeet."

Grad och an deenen Deeg wiere vill Leit sensibel, fir vis-à-vis vu Mënschen an Nout e Geste vu Solidaritéit ze maachen. Dat géif een och gutt un deene ville Spendenopriff vun ONGe gesinn.

Poren a Famillen nees a Kontakt bréngen

Fir d'Relioun nees méi no bei d'Leit ze bréngen, kéint ee sech awer net nëmmen op Chrëschtdag als een isoléiert Fest baséieren, mengt de Generalvikar. Do géif eng ganz Demarche dozou gehéieren.

Eng méiglech Pist wier déi, déi een elo an de Poren ugefaangen hätt. Nämlech d'Catéchèse (den Enseignement vum chrëschtleche Glawen) mat Erwuessenen a Kanner, wou nees méi Famille mat de Poren an de Mataarbechter an de Poren a Kontakt kéimen. Do misst een elo ofwaarden, op duerch déi Efforten op laang Siicht dat Reliéist nees an de Virdergrond réckelt.

Ofschafung vun de Kierchefabricken

Nei Piste muss d'Kierch och op anerem Plang ausschaffen. Am Januar soll viraussiichtlech dat neit Gesetz iwwert d'Ofschafung vun de Kierchefabricken an der Schafung vun engem Fong, deen déi Gebaier soll verwalten, an der Chamber gestëmmt ginn. Do wäert sech dann och d'Kierch mussen aneschters opstellen.

Am Abrëll géif dat neit Gesetz wahrscheinlech a Kraaft trieden, sou de Generalvikar Leo Wagener. Duerno géif een dann ufänke mat Informatiounsversammlungen, fir d'Leit ze mobiliséieren an ze motivéieren, fir an där neier Struktur matzemaachen.

Lauschtert den Interview mam Generalvikar Leo Wagener:

Lauschterenplay_arrow