Radioen

On air

Notturno  |  Ed Dowie - Red Stone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Rentabilitéit leit ënner der Regulatioun"

Situatioun vum Lëtzebuergesche Bankesecteur

"D'Rentabilitéit leit ënner der Regulatioun"

D'Regulatioun vun de Bankaktivitéiten an déi vill nei Oploen, déi de Banken an der Suite vun der Finanzkris gemaach goufen, kaschten de Secteur hei am Land all Joer 450 Milliounen, seet de Guy Hoffmann, den neie President vun der ABBL, der Associatioun vun de Banken a Banquieren. D'Banken op der Plaz wären zolidd, mee d'Käschte géifen hir Rentabilitéit a Fro stellen.

auto_stories

2 min

D'Rentabilitéit vun de Banken hätt ënner der Laascht vun de villen an ëmmer neie Reglementatioune gelidden, seet den neie President vun der Banken-Associatioun ABBL. No der Kris gouf d'Finanzwelt mat enger Rei Oploe konfrontéiert, fir datt esou eppes net méi virkënnt. Mee sinn all déi nei Regele gerechtfäerdegt, oder gëtt mat Kanounen op Spatze geschoss. "Ech wëll dat mol net onbedéngt sou ausdrécken, mee Tatsaach ass, datt mir haut zu Lëtzebuerg e Käschtepunkt vu ronn 450 Milliounen Euro hunn", äntwert de Guy Hoffmann.

Dat entsprécht engem Prozent vum Lëtzebuerger PIB. De Gros vun de Leit, déi am Lëtzebuerger Bankesecteur agestallt ginn, géifen haut éischter op Funktiounen attribuéiert, déi mat der Reglementatioun zesummenhänken. Dofir verlaangt de Bankeverband ënner anerem Steiererliichterungen: en Ofschafe vun der Verméigenssteier an en Erofsetze vun der globaler Steierlaascht fir Betriber vu 26 op 21 Prozent. Déi Suen, déi d'Banken erwirtschaften, mat deene si Investissementer kéinte maachen, géifen haut zu engem groussen Deel absorbéiert gi fir regulatoresch kënne matzehalen, fir compliant ze sinn, sou de Guy Hoffmann.

Hoffnung op méi héich Zënsen

Gläichzäiteg hofft de Secteur drop, datt d'Zënse geschwënn nees an d'Luucht ginn. Mat den nidderegen (an deelweis souguer Null-)Zënsen, wier de Banke gewëssermoossen d'Matière première geholl ginn, fir hir Geschäfter kënnen ze maachen, sou de Guy Hoffmann. Datt vill Leit bei méi héijen Zënsen hir héich Immobilieprêten net méi kéinten zeréckbezuelen, fäert de Guy Hoffmann net wierklech.

Fir hien ass den Zënsrisiko manner schlëmm, wéi wann elo zu Lëtzebuerg de Chômage ganz drastesch géif an d'Luucht goen. E groussen Deel vum Immobiliëgeschäft zu Lëtzebuerg géif sech um éischte Logementsmarché ofspillen. D'Leit hätte gemenkerhand eng extrem Disziplin, fir hir Immobilieprêten zeréckzebezuelen. Déi Disziplin géif éischter verluer goen, wann d'Leit géifen an de Chômage falen, mengt de Guy Hoffmann.​