Radioen

On air

Notturno  |  Jaimie Branch - Theme 001

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Reykjavik Deklaratioun zur Klimakris

Fräie Mikro

D'Reykjavik Deklaratioun zur Klimakris

Den 2. Juni 2019 gouf zu Reykjavik eng gemeinsam Deklaratioun zur Klimakris vun der European Humanist Federation, vun Humanists International a vu Young Humanists International ratifizéiert. De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, kommentéiert dës Deklaratioun andeems hien exemplaresch opweist, wéi een hei dran déi humanistesch Siicht op d'Liewen erkenne kann.

auto_stories

3 min

Bob Reuter

Et freet mech, datt eis europäesch Federatioun zesumme mat eisem internationalen Daachverband a senger Jugendsektioun entscheet hunn, eng humanistesch Stellungnam zur globaler ekologescher Kris ze entwéckelen an dës op der Generalversammlung ufanks Juni zu Reykjavik, ratifizéieren ze loossen.

Ech wëll dës sougenannte Reykjavik Deklaratioun kuerz kommentéieren, well se schéi wéisst, wat hautzedaags gelieften Humanismus bedeit.

Et bedeit, als éischt, datt mir erkennen, datt de wëssenschaftlechen an technesche Fortschrëtt zanter der Industrialiséierung duerchaus zur Steigerung vum individuellen a kollektive Wuelbefanne geféiert huet, wann och net fir all Mënschen op der Äerd.

Et bedeit awer och, datt mir erkennen, datt eis Liewensweis fatal Auswierkungen huet an net nohalteg ass.

Et bedeit, datt mir eis op d'Erkenntnisser vun der wëssenschaftlecher Fuerschung stäipe fir ze erkennen, wat lass ass.

Et bedeit, datt mir eis bewosst sinn, datt mir Mënschen een Deel vun der Biosphär sinn, op déi mir awer zanter iwwer 100 Joer massiv awierken.

Et bedeit, datt mir erkennen, datt mir eis ëm d'Grondlage vum Liewen op eisem Planéit suerge mussen, well eis eegen Existenz dovunner ofhänkt.

Et bedeit, datt mir selwer Verantwortung iwwerhuelen, grad well mir dovunner ausginn, datt dëst dat eenzegt Liewen ass, wat mir wäerten hunn. Mir loossen eis net op ee vermeintlecht Paradäis nom Doud vertréischten an dofir vertraue mir och net dorobber, datt iergendee "Gott" oder soss eng "Pappefigur" sech schonn drëms këmmere wäert.

"Zesummen handele fir eng besser Welt"

Et bedeit, datt mir erkennen, datt et keng einfach Fro vu Schold oder Sënn ass, wou mir ëm Verzeiung biede kënnen an dann ass et nees gutt. Mir musse scho selwer an zesumme mat Aneren handele fir eng besser Welt ze gestalten.

Et bedeit, datt mir - ouni naiv ze sinn - drop hoffen a bauen, datt mir Mënschen zesumme kënne Léisungen entwéckele fir dës Kris ze bewältegen, sief et um technesche ,wéi awer och op de sozialen, kulturellen, ekonomeschen a politesche Pläng.

Et bedeit, datt mir déi kollektiv international Efforten ënnerstëtzen, (1) fir der Klimakris an dem Verloscht vun der Biodiversitéit entgéint ze wierken, (2) fir nei Technologien an Uwendungen ze entwéckelen an (3) awer och fir nei Forme vun der Ressourcennotzung ze erfannen, déi sozial an ekologesch nohalteg sinn.

Et bedeit, datt mir den Appell fir ze handelen a sech ze mobiliséieren an d'Gesellschaft droen a fuerderen, datt eis Regierungen a soss politesch Acteuren um nationalen, regionale wéi lokalen Niveau déi noutwendeg Moossnamen ënnerhuelen (1) zur Verréngerung vun den Zäregasen, (2) zur Entwécklung vun enger nohalteger Landnotzung a Resourcegewannung souwéi (3) zum Schutz an Erhale vu Liewensraim fir wëll Déieren a Planzen.

Et bedeit och, datt mir sozialen a politeschen Engagement begréissen an ënnerstëtze fir dës Moossname virunzedreiwen a fir laangfristeg politesch Entscheedungen zur Andämmung a Präventioun vum Klimawandel ze entwéckelen.

Humanismus bedeit sech ze engagéieren a Verantwortung ze iwwerhuele fir sech an déi Aner.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.