Radioen

On air

De Moien  |  Scissor Sisters - Take Your Mama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Saach huet sech a Grenze gehalen"

Bilan vun der Hëtzwell

"D'Saach huet sech a Grenze gehalen"

Duerch d'Hëtzt wieren den 3. a 4. August d'Hospitalisatiounen an d'Visitten an den Urgencen eropgaangen, seet de Chef vun der Inspection Sanitaire Pierre Weicherding. D'Spideeler géifen dem Gesondheetsministère mellen, wa Leit wéinst Symptomer, déi mat der Hëtzt ze dinn hunn, behandelt ginn. Duerch d'Hëtzt kennen awer net nëmme Mënschen, mee och Déiere krank ginn.

auto_stories

3 min

Duerch déi héich Temperature wiere virun allem Leit mat Kreeslafproblemer besonnesch ufälleg fir verschidde Krankheeten, am heefegste wier dat Hëtzschlag an Deshydratatioun, seet de Pierre Weicherding. D'Leit géifen an d'Urgence kommen, well si ze vill an der Sonn waren oder net genuch gedronk hunn an doduerch Schwieregkeete mam Bluttdrock hätten, dat heescht Schwindel a Kappwéi.

Leschte Samschdeg wieren aacht Leit wéinst der Hëtzt an d'Urgence komm, e Sonndeg waren et der fënnef.

De Freideg an de Samschdeg waren d'Temperaturen op iwwer 28 Grad geklommen, nuets wieren d'Temperaturen och net vill erofgaangen. Doduerch wier et zu méi Hospitalisatiounen a méi Visitten an den Urgencë vun de Spideeler komm. Den Dënschdeg wier just nach eng Persoun an der Urgence opgeholl ginn. Domat hätt "d'Saach sech a Grenze gehalen, wat d'Gesondheet ubelaangt", seet de Pierre Weicherding.

Situatioun mat leschte Jore vergläichbar

Am Allgemenge géif ee feststellen, datt méi Leit mat Symptomer an d'Klinik géife kommen, déi mat der Hëtzt ze dinn hunn, wann d'Temperaturen iwwer 23 Grad géife klammen, seet de Pierre Weicherding vum Gesondheetsministère.

Déi lescht Jore wieren d'Duerchschnëttstemperaturen ni sou héich gewiescht, wéi dëst Joer. Och déi lescht Jore wiere Leit hospitaliséiert ginn, an dat bei Duerchschnëttstemperature vun iwwer 23 Grad. D'Situatioun wier deemno trotzdeem mat de leschte Jore vergläichbar.

D'Sensibiliséierungscampagnen an d'Warnunge vum Gesondheetsministère hätten en Impakt op d'Verhale vun de Leit, mengt de Chef vun der Inspection Sanitaire. "Et huet een awer d'Gefill, datt déi Messagen, déi vun der Santé erausgaange sinn, och gréisstendeels gehéiert gi sinn an zu engem groussen Deel befollegt gi sinn."

Méi Bränn, d'selwecht vill Asätz fir den 112

Beim 112 wieren d'Asätz am Beräich vum Secours à personnes net signifikativ eropgaangen, heescht et op Nofro hin. Dat hätt mat de Mesurë vum Plan Canicule ze dinn, awer och domat, datt manner Leit am Land wiere wéinst der grousser Vakanz an dem Congé collectif.

Fir d'Police wier den Ament Business as usual, wéi et op Nofro heescht. Duerch déi méi héich Unzuel vu Bränn hätt d'Police allerdéngs de Pompjeeë mam Helikopter zur Säit gestanen, an et géife méi Ermëttlunge wéinst méiglecher Brandstëftung gemaach ginn.

Hëtzt och fir Déieren e grousse Problem

Déi grouss Hëtzt kann awer net nëmmen fir d'Mënschen e Problem duerstellen, mee och fir d'Déieren. An der Déiereklinik Krakelshaff zu Beetebuerg wiere wärend deene ganz waarmen Deeg vill Déieren erakomm, seet d'Veterinärin Marie-Christine Klein.

Dat wier awer all Summer de Fall. Generell misst een drun denken, datt een Déieren net ze laang eleng am Auto oder am Gaart léist, wann et waarm ass. Genee Zuelen, wéi vill Déieren wéinst der Hëtzt erakomm sinn, hätt een net.

Bei Déieren op Unzeeche vun Hëtzschlag oppassen

D'Hëtzt wier virun allem fir Hënn geféierlech, a virun allem fir Rasse mat kuerze Käpp wéi Bulldoggen a Mopsen, well déi sou wéi sou scho méi schlecht Loft kréien. Dowéinst dierft ee mat dësen och just moies frei an owes spéit spadséiere goen. Et géif ee mierken, datt d'Déier en Hëtzschlag hätt, well et zum Beispill ganz staark hechele géif oder esouguer kollabéiere géif, esou d'Marie-Christine Klein.

Verschidden Hënn géifen och blo Schläimhait entwéckelen, well déi generell scho méi schlecht Sauerstoff kréien. Et kéint een doheem schonn d'Kierpertemperatur vu sengem Hond kontrolléieren, déi sollt net iwwer 39 leien, seet d'Christine Klein. Een Hëtzschlag vu 40 bis 42 Grad wier fir Hënn liewensgeféierlech.

Et kéint een d'Hënn mat kalen, naassen Dicher ofkillen an da sollt een direkt mat hinnen an d'Klinik fueren, seet d'Marie-Christine Klein vun der Déiereklinik Krakelshaff.