Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Saachen a Fro stellen"

Journalismus

"D'Saachen a Fro stellen"

D'Regierung verweigert de Leit e Grondrecht op Informatioun, seet de Luc Caregari, President vun der neier Journalisten-Associatioun ALJP. De Gesetzprojet iwwer den Informatiounszougang wier ze restriktiv. De Presserot hätt e Géigenentworf ausgeschafft, deen een an d'Ëffentlechkeet wëllt bréngen.

auto_stories

2 min

Luc Caregari

D'Association Luxembourgeoise des Journalistes Professionnels ass net averstane mam Gesetzprojet iwwer den Informatiounszougang fir d'Press vum Premier- a Medieminister Xavier Bettel. Dëse Gesetzprojet wier ze vill restriktiv. Et géif e Géigenentworf vum Presserot ginn, seet de Luc Caregari, President vun der ALJP. Dësen Entworf wéilt ee méi an d'Ëffentlechkeet bréngen. D'Leit sollte wëssen, "datt dës Regierung, an déi Regierunge virdrun, hinnen e Grondrecht op Informatioun verweigeren."

"Journaliste si keng Comminucanten"

D'Circulaire Bettel géif vun de meeschte Journalisten als Hindernis empfonnt ginn, seet de Luc Caregari. Dat hätt eng Ëmfro erginn. Dës Circulaire gesäit fir, datt Journaliste bei Administratiounen a Ministèren eng offiziell Uspriechpersoun hunn, an net direkt un d'Beamte kënnen eruntrieden. Informatioune géifen duerch dem Ëmwee iwwer Kommunikatiouns-Beamten a Ministere laang brauchen, a géife gefiltert ginn.

Journalismus wier keng Kommunikatioun. D'Regierung géif sech erwaarden, datt d'Medie just hir Communiquéë géif weiderleeden. "Mir sinn do fir déi Saachen a Fro ze stellen", seet de Luc Caregari. Et wier d'Aufgab vun de Journalisten, fir sech Zäit ze huelen fir Informatiounen z'analyséieren. Nei Technologien dierften net als Virwand geholl ginn, fir d'Qualitéit vun der journalistescher Aarbecht ze beschneiden.

D'Rechter vu Freelance-Journalisten

Vill Journalisten zu Lëtzebuerg hu kee festen Aarbechtskontrakt. D'Freelance-Journaliste sinn dacks iwwer Joren an engem precairen Ofhängegkeetsverhältnis mat engem Medienhaus. Dës Leit wieren eng vun de Prioritéite vun der neier Journalisten Associatioun. Et wéilt een als éischt eng Bestandsopnam maachen a Guidelines ausschaffen. "Dacks wëssen déi Leit net, wat hir Rechter sinn. An dacks liewe si a Scheinselbststännnegkeet", seet de Luc Caregari.

D'ALJP gesäit sech als Lobby fir Journalisten, déi wéi eng Gewerkschaft ka beroden, hëllefen an och juristesche Bäistand leeschten. Membere vu Chefredaktioune kënnen an där neier Journalistenassociatioun Member ginn, seet de Luc Caregari. Mee si hätte kee Stëmmrecht. Doduerch sollen d'Editeure keen Afloss kënnen huelen. Déi nei Journalistenassociatioun ass aus der Fusioun vun den dräi Organisatiounen ALJ, SJL an UJL ervir gaangen ass.