Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Problemer mat Maintenance"

Ierger iwwer ze mann Zich

"Problemer mat Maintenance"

Op der Zuchlinne 60B, tëschent Näerzeng, Keel, Téiteng a Rëmeleng, fuere keng Zich méi. Bis Mëtt oder Enn Februar soll dat esou bleiwen. Et gëtt e Problem mat enger Maschinn fir d'Maintenance vun den Zich.

auto_stories

4 min

Foto: Archiv

Betraffen Zuchpassagéier goufen op Schëlter op de Quaien doriwwer informéiert, a si krute gesot, si sollten am Plaz vum Zuch den RGTR Bus Nummer 197 huelen. Als Erklärung fir d'Suspensioun vum Zuchtrafic soten d'CFL eis am Ufank nëmmen, et géif e Problem gi mat der Disponibilitéit vun Zich a Material. D'Situatioun géif analyséiert ginn.

An deene betraffene Gemenge huet dat fir vill Kritik gesuergt. De Rëmelenger Buergermeeschter Henri Haine (LSAP) huet op Facebook geschriwwen, et wier eng eenzeg Katastroph, wéi d'CFL d'Zuchbenotzer aus dem Keeldall behandelt ginn.

Den Henri Haine sot eis, et wier net déi éischte Kéier, datt et op dëser Linn Problemer géif ginn. Scho virun engem Joer hätt et Diskussioune mam Minister a mat den CFL ginn, an et wieren zousätzlech Zich versprach ginn. Am Summer hätt sech d'Situatioun och verbessert, dofir wier hien iwwerrascht an enttäuscht, datt et elo awer nees zu Problemer komm wier.

Hie géif bedaueren, datt et ëmmer dës Stréck, am Keeldall, wier, wou Zich géifen ofgezu ginn, wann et op anere Plaze Problemer gëtt. D'Gemenge wieren och net frou, datt si am Viraus net vun den CFL informéiert gi wieren. Hie wier selwer eréischt gewuer ginn, datt d'Zich net méi fueren, wéi hien op de Quai koum an do e Schëld stoung, sou nach de Rëmelenger Buergermeeschter Henri Haine.

"De Bus ass keng Alternativ"

De Romain Becker, DP Conseiller zu Keel/Téiteng, sot eis: De Bus 197 wier keng Alternativ, well en am Stau géif stoen, an dacks och scho voll wier, éier en ukënnt, well och vill Frontalieren dee Bus géifen huelen. Den Zuch wier déi eenzeg Alternativ, an déi néideg Infrastrukture wieren och do.


Romain Beckerplay_arrow

"D'Schinnenetz hu mir hei. Mir hunn eng Gare mat sechs oder siwe Gleiser, also dat ass net de Problem. U Reseaue feelt et hei net. Hei feelt et just un eppes: Un engem Zuch, deen op deem Reseau, dee mir hunn, hin an hier fiert. Mir erstécken hei am Verkéier. An déi Alternativ, déi mir hunn, déi fiert net, aus Grënn, wéi se ebe sinn. [...] Hei wunne 15.000 Leit am Keel-Dall. Plus d'Frontalieren, déi hei kommen. Also hei komme Leit."

CFL: "Problemer bei der Maintenance"

No där ursprénglecher a kuerzer Erklärung fir de Problem op der Zuchlinn 60B, gouf d'CFL Pressespriecherin eis weider Erklärungen. De Grond fir d'Suspensioun vun den Zich op där betraffener Streck wier net onbedéngt, datt et net genuch Zich géif ginn, Et wier e Maintenance Problemer, sou d'Alessandra Nonnweiler. "Mir schwätze vun enger Dréibänk, déi ee Problem huet, wou d'Bremsscheiwen net méi richteg kënne geschlaff ginn, déi ass en Panne gefall".

Dofir muss déi Maintenance elo am Ausland gemaach ginn. D'CFL hätten direkt Appell un d'Deutsche Bahn, un déi belsch a franséisch Kolleege gemaach, fir Hëllef ze kréien." Déi Zich ginn elo ofgeschleeft an da musse se an d'Ausland gezu ginn.

Dat heescht och, datt et méi laang dauere wäert, bis d'Zuchlinne Rëmeleng-Näerzeng nees normal fonctionnéiere wäert. "Mir rechnen, datt mir Mëtt bis Enn Februar erëm mat eisen Zich voll am Asaz sinn", seet d'Alessandra Nonnweiler.

Alessandra Nonnweiler: "Problemer mam Prestataire"

Den CFL hir Pressespriecherin seet, et géif hinne leed doen. Mee "op där Linn ass am Verglach zu anere Linne relativ wéineg Trafic."

Wat d'Pann bei der Maintenance Maschinn ugeet, präziséiert den CFL hir Pressespriecherin nach, datt de Prestataire eng auslännesch Privatentreprise wier, mat där d'CFL eréischt zanter zwee Joer géifen zesummeschaffen. Bannen deem Zäitraum hätt et méi dacks Problemer ginn.

"Fir ganz transparent ze sinn: Mir sinn intern am Gaangen ze iwwerleeën, ob et nach Sënn mécht, fir mat deem dote Prestataire weiderzeschaffen. Bis de Mäerz hu mir eng mobil Installatioun als Backupléisung fir méi séier reagéieren ze kënnen", esou d'CFL-Pressespriecherin Alessandra Nonnweiler.


De Panorama-Bäitrag vum Pierre Reyland:

Lauschterenplay_arrow