Corona-Pandemie "D'Situatioun ass alarmant"

Gëschter ware 416 Corona-Tester positiv: d'Situatioun wier alarmant, mee nach ëmmer ënner Kontroll, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. D'Leit sollten doheem bleiwen, wann et nëmme méiglech ass.

Jean-Claude Franck / cbi

Paulette Lenert, ministre de la Santé
D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Foto: SIP / Emmanuel Claude (Archiv)

D'Regierung bleift dobäi, fir déi aktuell Restriktiounen en place ze loossen ouni nei gesetzlech Mesuren: "Wann d'Stroosse glat sinn, gi se och net direkt gespaart", esou d'Paulette Lenert de Mëtteg virun der Press. Si huet nach eng Kéier un d'Bierger appelléiert d'Mesuren ze respektéieren. Jiddweree misst elo Zousazefforte maachen, esou d'Gesondheetsministerin.

De Virus wier do, also sollt een doheem bleiwen, wann et nëmme méiglech ass. Et wier wichteg, d'Kontakter ze iwwerdenken a sech am klenge Krees ze beweegen. Et sollt verstäerkt op Teletravail zeréckgegraff ginn.

D'Gesondheetsministerin huet d'Bierger och nach eng Kéier opgeruff, déi eege Kontakter all Dag opzeschreiwen, fir am Fall vun engem positiven Test den Tracing ze verbesseren.

"Alarmant, mee ënner Kontroll"

Trotz méi Neiinfektioune wier d'Altersmoyenne vun de Leit, déi positiv getest goufen, just liicht eropgaangen. Déi viregt Woch wier se bei 36,8 Joer gewiescht, d'lescht Woch war se bei 38,8 Joer. Et géif ee weiderhin déi eeler Populatioun am A behalen.

Et wieren "nach net" vill Patienten op den Intensivstatiounen: Momentan si sechs Leit an de Soins intensifs.

Net verpassen

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen