Radioen

On air

Notturno  |  Aaron Abernathy - I Want You Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Situatioun an de Spideeler ass gemëscht

Gesondheetssystem

D'Situatioun an de Spideeler ass gemëscht

D'Situatioun op de Covid-Statiounen an de Spideeler ass gemëscht. Am Stater CHL geet Rieds vun enger héijer, mee stabeler Zuel vun Hospitalisatiounen. Am Escher CHEM dogéint ass d'Lag méi eescht.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Christiane Kleer lauschterenplay_arrow


D'lescht Woch eréischt hat d'Spidol am Süde Patiente missten an aner Häiser transferéieren, seet den Dokter Serge Mayer, medezineschen Direkter vum CHEM.

"Mir si fir all Hëllef dankbar, Dir gesitt jo an den Zuele vum Land datt mir vir bäi sinn."

D'Hallschent vun allen hospitaliséierte Covid-Patiente sinn am CHEM. Rezent wieren d'Zuelen erëm héich, sou datt een no um Punkt wier, fir erëm manner wichteg Soinse mussen ze deprogramméieren. "Dat heescht an der Zäit hate mir op 5 Patienten an de soins normaux een an de soins intensifs. Mee dee Ratio dréint bei eis am Haus regelméisseg bei 4."

Serge Meyer: Weider Well net ausgeschloss

Gëschter waren am CHEM 52 Persoune mat Covid an de Soins normaux an zéng op der Intensivstatioun. D'Lag wier beonrouegend, resuméiert de Serge Meyer, och wéinst der Präsenz vun der britescher Virusvariant. Eischt Indicë géifen drop hiweisen, datt sech an deem Kontext d'Verhältnis tëscht Normale Soinsen an Intensivstatioun verännert huet. Et hätt een ëm déi 60 Leit an de leschten zéng Deeg an de Soins normaux. Wann déi Unzuel elo géif iwwerschratt gin, da misten "aner Saachen" zougemaach ginn an et misst een déi eelef Better op der Intensivstatioun benotzen, sou de Serge Meyer.

Eng drëtt Well hält de Serge Meyer net fir ausgeschloss. Lëtzebuerg wier keng Insel a lues am Impfen. Hie geet dovun aus, datt manner Personal wäert ausfalen, mee well just e klengen Deel vun der Popiulatioun geimpft wier, géif et kee richtegen Impakt op eng méiglech weider Well hunn.

CHL: Net méi vill Spillraum

Déi aktuell Zuele vun de Hospitalisatioune géifen de gesamte Gesondheetssystem belaaschten, dat seet och de Jean Reuter, Intensivmedeziner am CHL, wou d'Lag zwar eescht, mee méi entspaant ass.

"Mir sinn defintiv net op engem point de rupture, souguer wann d'Zuelen nach e bësse géifen an d'Luucht goen, géife mer et nach packen, am Moment."

Vill Marge gëtt et awer och hei net, gëtt de Jean Reuter nach ze verstoen.