Radioen

On air

Notturno  |  Frank Zappa - You Are What You Is

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sozialpolitik vun der Regierung ass "insgesamt positiv"

OGBL

D'Sozialpolitik vun der Regierung ass "insgesamt positiv"

D'Spuermesuren, déi d'Regierung 2014 annoncéiert hat, wären net néideg gewiescht, seet de President vum OGBL. D'Politik vun der Regierung hätt sech zënterhier awer an déi richteg Richtung entwéckelt.

auto_stories

2 min

Den onofhängege Gewerkschaftsbond begréisst, datt d'Regierung eng Rei Belaaschtungen, déi duerch d'Spuermesuren entstane sinn, mëttlerweil nees zréckgezunn huet. D'Gewerkschaft gesäit doran "éischt Usätz vu sozialem Fortschrëtt". Als Beispiller nennt den OGBL-President André Roeltgen Verbesserunge beim Congé Parental, de Kompromëss an der Diskussioun ëm d'Aarbechtszäiten oder der Regierung hir Moossnahme fir de Laangzäitchômage ze bekämpfen.

Den OGBL fuerdert awer nach weider sozial Entlaaschtungen. Zum Beispill, datt de Mindestloun ëm 10 Prozent erhéicht gëtt. Hie kéint "net jugéiere" wéi d'Chance stinn, datt d'Regierung dat nach virun de Chamberwahlen ëmsetzt, esou den André Roeltgen: "Ech weess just, datt mir dat fuerderen, an d'Regierung hätt all Interêt et ze maachen."

D'Preparatioun fir d'Wahlen leeft schonn

Den OGBL-President hat a senger traditioneller Ried fir den 1.Mee ugekënnegt, datt seng Gewerkschaft sech aktiv an de Wahlkampf fir d'Chamber wëllt amëschen. Den André Roeltgen seet d'Preparatiounen dofir wären "elo schonn am Gaang". Des Woch hat den OGBL Entrevuë mat de Responsabele vun der CSV an der LSAP. Reunioune mat der DP, deene Gréngen, an Déi Lénk si scho geplangt.

Et hätt kee Wäert "eréischt zwee Méint virun de Wahlen" unzefänken d'Partei-Programmer ze jugéieren, seet den André Roeltgen. "Et probéiert een elo Afloss ze huelen, op d'Diskussiounen, d'Denken an d'Wëllensbildung an den eenzele Parteien."

Den OGBL trefft sech an den nächste Woche mat alleguerten de Parteien, déi an der Chamber vertrueden sinn, ausser mat der ADR. Hei gesäit den André Roeltgen keng programmatesch Schnëttmengen: "Mir gesinn net, datt mir do iergend e positiven Afloss kënnen hunn op hir Programmer, déi wäitreechend nationalistesch a populistesch sinn."