Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Dent May - I Could Use A Miracle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Spillreegele bleiwen ouni Etienne Schneider déi selwecht"

LSAP

"D'Spillreegele bleiwen ouni Etienne Schneider déi selwecht"

D'Patronat an d'Gewerkschafte wäerten och an Zukunft zesumme mat der Regierung iwwer Ännerungen um Aarbechtsgesetz diskutéieren, ënnersträicht den Aarbechtsminister Dan Kersch.

auto_stories

3 min

D'Patronatsvertrieder hate virun e puer Wochen ugedeit, datt si léiwer separat mat der Regierung verhandelen, wann et ëm Gesetzesännerunge geet. Den Dan Kersch wëllt awer un den Dräiergespréicher am Comité permanent du travail et de l'Emploi (CPTE) festhalen.

Bei der Analys vum Aarbechtsmaart géif ee séier drop stoussen, datt verschidde Gesetzer oder Reglementer missten adaptéiert oder nei gemaach ginn. Dat wier och de Fall vum Code de travail. Et wier an de leschte Woche vill gestridde ginn, an "elo sollte mir eis mol erëm méi dem Inhalt widmen, a mir sinn um gudde Wee, fir dat kënne fäerdeg ze bréngen".

Hie wier optimistesch, datt et an den nächste Woche geléngt, sech an deene Gespréicher nees méi op den Inhalt ze konzentréieren, esou den Aarbechtsminister.

D'Nofolleg vum Etienne Schneider

D'LSAP muss sech en neie Vizepremier sichen - den Etienne Schneider wäert nämlech deemnächst aus der Regierung austrieden. Wéini genee hien dat mécht, huet den Etienne Schneider nach net ëffentlech gesot. Bei der LSAP kéimen "eng Rei Leit" a Fro, fir de Vizepremier Etienne Schneider an der Regierung ze ersetzen.

Den Aarbechtsminister Dan Kersch seet, säi Parteikolleeg hätt him schonn Undeitungen iwwer den Zäitpunkt vu sengem Depart gemaach. Méi wollt den Aarbechtsminister awer net verroden.

Den Etienne Schneider hätt dem Dan Kersch gesot, datt hie säi Mandat net wéilt fäerdeg maachen, "an datt hie wäert wiesselen". Dat wier och säi gutt Recht, mengt den Dan Kersch.

Wat d'Regierungspolitik ugeet, gëtt et e Koalitiounsprogramm, un dee jiddweree sech ze halen huet. Dat zielt esouwuel fir déi dräi Parteien, déi an der Koalitioun sinn, wéi och fir all eenzele Minister an och fir all eenzelen Deputéierten, deen déi Koalitioun dréit. Dat sinn d'Spillreegelen, déi wäerten net änneren."

"Un der Politik an der Regierung ännert sech näischt"

De Xavier Bettel hat rezent an engem Interview mam Lëtzebuerger Land gesot, datt hie "politesch net op enger Wellelängt" mam Dan Kersch wier. Den Dan Kersch sträicht ervir, datt de Xavier Bettel am selwechten Interview gesot huet, datt de Koalitiounsvertrag bindend wier an datt "un der Politik an der Regierung näischt wäert änneren".

"[W]ann ech den Interview richteg gelies hunn, huet hie gesot, datt hie wat meng Perséinlechkeet ugeet, ganz gutt mat mir géif eens ginn. Dat ass och reciproque: Ech ginn och mat him ganz gutt eens, genee esou wéi mat anere Leit an der Regierung. An dat ass och wichteg, dat soll een net ënnerschätzen.

Eng Koalitioun géif engersäits vun engem Programm, an anerersäits vun de Leit gedroe ginn, an déi Leit misste mateneen eens ginn. "An dat ass an dëser Regierung, esou wéi an der viregter, mat Sécherheet de Fall", ënnersträicht den Dan Kersch.