Radioen

On air

Notturno  |  Airship81 - Inertia

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sprooch als Instrument fir politesch Ausgrenzung

Fräie Mikro

D'Sprooch als Instrument fir politesch Ausgrenzung

1984 ass Lëtzebuergesch per Gesetz Nationalsprooch ginn. D'Benotzen an d'Wäertschätzung vun dëser Sprooch hunn am Laf vun de Joren enorm zougeholl - an der Politik, wéi och an de Medien oder op de sozialen Netzwierker. Politesch Debate gi bal nach just op Lëtzebuergesch geféiert an dobäi gëtt vergiess, datt mir e méisproochegt Land sinn. Vill vun den auslänneschen Awunner, wéi och de Frontalieren, kënnen dës Diskussiounen net novollzéien, obwuel si e wichtege Bestanddeel vun eiser Gesellschaft sinn, ouni deen eist Land net kéint iwwerliewen, mengt d'Laura Zuccoli.

auto_stories

4 min

D'Laura Zuccoli ass Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés. Foto: Archiv

Lëtzebuergesch léieren ass in! Eng sëllege Course ginn hei am Land an an eise Nopeschlänner organiséiert, an trotzdeem bleift d'Offer u Lëtzebuergesch-Coursen wäit ënner der Demande. Ob Auslänner oder Frontalieren, ob aus berufflechen oder aus Integratiounsgrënn, vill vun hinne soen, datt d'Beherrsche vun der Lëtzebuerger Sprooch fir d'Zesummeliewe wichteg ass.

Trotz de villen Efforte bleift fir d'Auslänner oder d'Frontalieren den Ëmgang mat der Lëtzebuerger Sprooch begrenzt. Op der Aarbechtsplaz gëtt dës Sprooch kaum geschwat, am Familljen- oder Frëndeskrees ass Lëtzebuergesch net present. D'Léiere vun der Sprooch bleift duerch de Mangel un Praxis limitéiert. De Basisvocabulaire, dee vill vun hinne sech mat vill Méi uneegne, kann dofir net wierklech ausgebaut ginn, och wann et do Ausname gëtt.

Ouni Lëtzebuergesch ass et schwéier

Fakt bleift, datt et fir politesch intresséiert Leit ganz schwéier ass, Debaten an der Chamber oder an de Gemengeréit ze suivéieren, parlamentaresch Froen ze verstoen oder Diskussiounen an de Medien ze verfollegen, wa si keen erweidert Verständnis vum Lëtzebuergeschen hunn. An dat hunn definitiv leider déi Wéinegst.

Eis Villsproochegkeet an de politeschen Ausernanersetzunge verschwënnt. Etlech Auslänner, mee och vill Nei-Lëtzebuerger sinn iwwer dës Evolutioun beonrouegt. Sie fille sech politesch ausgegrenzt.

An engem Land mat bal 50 Prozent auslänneschen Awunner, an dem dobäi all Dag nach wäit iwwer 200.000 Frontaliere schaffen, déi all vun eise Gesetzer betraff sinn, misst den demokrateschen Discours transparent, verständlech an zougänglech fir jiddweree sinn.

Firwat dës sproochlech Ausgrenzung ? Firwat huet Chamber d'Ufro vun der Familljeministerin verworf den Debat Enn Januar iwwer d'Integratioun op Lëtzebuerg ze iwwersetzen? D'Debate missten dach op d'mannst an eng vun den zwou aneren unerkannte Sprooche simultan iwwer Chamber TV oder an de Gemengebueten iwwersat ginn.

D'Chamber muss Interessi vu jiddwerengem vertrieden

Et ass schäinhelleg a virun allem kontraproduktiv, sech engersäits iwwer de vermeintlechen Desintresse um politeschen Debat vun den Auslänner opzereegen, an anersäits dësen Debat haaptsächlech op Lëtzebuergesch ze féieren. Ewéi wa mer trotz allem nëmmen ënner eis wéilte bleiwen. Wéi sollen sech Auslänner an eise Parteien engagéieren, wann d'Hürd vun der Sprooch esou offensichtlech ass?

D'Chamber muss d'Interessi vun alle Steierzueler vertrieden. Transparenz am demokrateschen Debat muss sinn! An dofir muss deen och deene Leit, déi déi lëtzebuergesch Sprooch net gutt beherrschen, zougänglech gemaach ginn. Dozou zielen och e sëllege Mënschen, déi an de leschte Jore Lëtzebuerger goufen an also Wieler sinn.

Awanderer mat abezéien

Vill nei Awanderer sinn héich qualifizéiert a interesséiert um politeschen Debat deelzehuelen. D'Abezéiung vu Mënsche mat anere kulturellen Hannergrënn a politeschen Erfarunge kann eis politesch Diskussioun nëmme beräicheren. Dorunner schéngt eis Politik awer net intresséiert. Firwat soll een och Mënschen an de politeschen Debat abezéien, déi souwisou kee Walrecht hunn? Abee, d'Äntwert ass einfach: well et weder intelligent nach sënnvoll ass, op d'Talenter, d'Wëssen an d'Engagement vun all dëse Leit ze verzichten.

D'Fuerderung, datt all Debat muss op Lëtzebuergesch sinn, ass an de leschte Jore vu breede Kreesser iwwerholl ginn an huet eis Sproochepolitik an eng Sakgaass gefouert. Wat mer méi op der Lëtzebuerger Sprooch insistéieren an déi aner Sprooche vernoléissegen, wat mer eis méi vun der Welt isoléieren.

Et ass existenziell wichteg, datt mir déi dräi offiziell Sproochen zu Lëtzebuerg an ouni Zweiwel och nach dat Englescht mat Verstand a Feigefill fërderen. Mir sinn e klengt villsproochegt Land an d'Politik muss mam gudde Beispill virgoen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.