Radioen

On air

Tockcity  |  Jamie xx - It's So Good

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sprooche-Petitiounen an der Chamber

Sproochendebatt

D'Sprooche-Petitiounen an der Chamber

D'Petitionären, déi sech fir a géint d'Lëtzebuergescht als éischt Amtssprooch asetzen, hunn e Méindeg hir Argumenter an der Chamber erkläert. Fir déi eng ass d'Prioritéit eng allgemeng Opwäertung vun hirer Mammesprooch. Déi aner wëllen, datt dat historescht Ierwe vun der Méisproochegkeet weider gefleegt gëtt.

auto_stories

4 min

D'Petitioun 698 fir d'Lëtzebuergescht als éischt Amtssprooch hat mat bal 15.000 Ënnerschrëften grousse Succès. Rieds geet am Petitiounstext vun de Gesetzer, de Geriichtsuerteeler, mee och "Schoulsprooch".

Den Auteur vun der Petitioun, Lucien Welter huet sech Méi ginn, d'Fuerderungen ze präziséieren. Zum Beispill bei der Fro vun de Gesetzestexter: "Ech wëll, datt vun engem festen Datum un all Gesetzer op sollen op Lëtzebuergesch geschriwwe ginn. Déi Iwwersetzung soll gemaach ginn, wann d'Gesetz op Franséisch gestëmmt ginn ass." Dat géif déi néideg Rechtssécherheet garantéieren, esou de Lucien Welter. Dëst géif et erlaben, no an no d'Lëtzebuergescht dohinner ze bréngen, datt et juristesch z'applizéiere wier. Eréischt wann de juristesche Vocabulaire am Lëtzebuergeschen agebiergert wier, sollt een driwwer nodenken, ob dee ganze Legislatiounsprozess op Lëtzebuergesch soll sinn, oder vläicht nëmmen deen Deel, deen d'Bierger direkt betrëfft.

Léift fir Mammesprooch oder nationalistesch Tendenzen?

Firwat d'Lëtzebuergescht a sengen Aen misst opgewäert ginn, huet de Mataarbechter vum Interkommunale Syndikat fir d'Gestioun vun der Informatik (SIGI) mat verschiddenen Argumenter ënnerstrach. An engem Land mat villen Auslänner misst een eng gemeinsam Integratiounssprooch hunn. An dat misst d'Mammesprooch vun de Lëtzebuerger sinn, well déi wier hinnen helleg. Hie wier bereet dofir ze kämpfen, esou de Lucien Welter.

Ganz anescht war d'Argumentatioun bei de Petitionären, déi géint d'Lëtzebuergescht als éischt Amtssprooch sinn: Den Henri Werner, Fils vum fréieren CSV-Staatsminister Pierre Werner, huet virun nationalisteschen Tendenzen an der Sproochendebatt gewarnt. "Mir mussen zu Lëtzebuerg déi Kultur vun Oppenheet, och wat de Choix vun enger Sprooch ugeet, bäibehalen. Dat ass dach eis formidabel Stäerkt." Hie géif hoffen, datt d'Lëtzeuberger net géife ginn, wéi déi Léit a Flandern, déi nëmme géifen akzeptéieren, datt ee si an hirer Mammesprooch géif uschwätzen.

Dem Gast Gibéryen seng Interpretatioun

Vill Deputéiert an och de Premier Xavier Bettel hunn an hiren Interventiounen drop verwisen, datt nach ni sou vill Lëtzebuergesch geschwat, geschriwwen a geléiert gi wier, ewéi haut. Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet deem entgéint gehalen, datt d'Wichtegkeet vun der Lëtzebuerger Sprooch am Alldag proportionell trotzdem géif ofhuelen. Hien huet sech dofir op Zuele beruff, déi de Statec um Méindeg, 14. Januar, publizéiert huet.

Eppes iwwer d'Halschent vun de Residente géif Lëtzebuergesch schwätzen. Dat wier och genee sou, wéi d'Nationalitéiteverhältnis wier: "Mir hunn nach eng knapps Majoritéit vu Lëtzebuerger vis-à-vis vun Net-Lëtzebuerger am Land. An domat ass et och logesch datt mir eng knapps Majoritéit hu vu Leit, déi Lëtzebuergesch schwätzen."

D'Statec-Etude géif soen, datt d'Lëtzebuergescht mat 70,5 Prozent déi am meeschte geschwate Sprooch hei am Land wier, esou d'Pärizisioun vum Chamberpresident Mars Di Bartolomeo. De Gast Gibéryen géif sech op een Text beruffen, dee sech mat der Haapt-Sprooch vun der Populatioun déi schafft géif beschäftegen. Dat géif net heeschen, datt déi Leit kee Lëtzebuergesch kéinte schwätzen.

Lëtzebuergesch an der Educatioun

Mat Ausnahm vun der ADR, déi Lëtzebuerg als eesproochegt Land definéiert, hunn all d'Parteie ee klore Plaidoyer fir d'Méisproochegkeet formuléiert. Konsens war awer och, datt et nach Sputt gëtt fir d'Lëtzebuergescht méi ze fërderen.

D'CSV-Deputéiert Martine Hansen wollt an deem Kontext vum Petitionär Lucien Welter wëssen, wat hie sech konkret mat der Fuerderung nom Lëtzebuergeschem als Schoulsprooch géif virstellen. "Heescht dat zum Beispill, Biologie kënne mir och op Lëtzebuergesch maachen?"

De Lucien Welter huet a Reaktioun dorobber an éischter Linn derfir plaidéiert, datt d'Lëtzebuergesch-Schreiwen an der Schoul misst geléiert ginn. Eng weider Méiglechkeet, fir Tensioune wéinst der Méisproochegkeet ofzebauen wier, fir d'Franséischt anescht z'enseignéieren, huet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry gemengt. Den Enseignement géif eng immens Wichtegkeet op d'Grammaire leeën, a géif et verpassen, d'Freet un der franséischer Sprooch ze vermëttelen.

Unerkennung als offiziell Sprooch an der EU

Lëtzebuergesch als Schoulfach ze stäerken géif schwiereg ginn, huet de gréngen Deputéierte Claude Adam gemengt. Beim Iwwersetze vu Gesetztexter gesäit hien awer d'Méiglechkeet méi Efforten ze maachen. Eng stufeweis Iwwersetzung, wéi se vum Petitionär gefrot wier, wier realistesch. "Ech si wierklech iwwerzeegt, datt et am Moment kee Gewënn wier, wa mir einfach eis Gesetzer géifen op Lëtzebuergesch iwwersetzen."

De Premier Xavier Bettel huet sech fir eng Unerkennung vum Lëtzebuergeschen als offiziell Sprooch an der EU ausgeschwat. De Premier huet iwwerdeems annoncéiert, datt d'Regierung ee "Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch" wéilt nominéieren: Dëse Beamte kéint fir eng méi staark Koordinatioun tëscht sproochepolitesche Mesuren aus deene verschiddene Ministèrë suergen.

D'Sproochenthematik bleift och fir d'Chamber nach op der Agenda: D'Petitiouns- an d'Institutiounskommissioun beroden d'nächst Woch iwwert eng gemeinsam Motioun mat där si op déi zwou Sprooche-Petitioune wëllen äntweren.