Radioen

On air

De Moien  |  Yves Stein

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Spure vun der Gewalt archivéieren

Afferambulanz

D'Spure vun der Gewalt archivéieren

Mat der neier Afferambulanz kënnen Affer vu Gewalt hir Blessure vun engem Geriichtsmedeziner dokumentéiere loossen. D'Dokumentatioun gëtt zéng Joer laang am Staatslaboratoire archivéiert, a ka viru Geriicht benotzt ginn.

auto_stories

3 min

D'Afferambulanz ass en Instrument, fir der Gewalt géigeniwwer Persounen entgéint ze wierken. Souwuel am Stot, wéi och am ëffentleche Raum.

Am Duerchschnëtt gëtt d'Police 675 Mol am Joer wéinst häuslecher Gewalt geruff. An 300 Fäll gouf 2016 eng Wegweisung wéinst der Gefor vu Gewalt ordonnéiert. Dat bedeit, datt den Täter tëschent zwou Wochen a bis zu dräi Méint net méi däerf an d'Wunneng eragoen. Et wieren awer just 17 Prozent vun allen erfaassten Täter veruerteelt ginn, seet d'Josée Lorsché, gréng Deputéiert a Rapportrice vum Gesetz. "Fir all déi aner Täter huet d'Gewalt géint de Partner keng gréisser Konsequenz gehat."

Et gëtt eng Donkelziffer, vill Affer vun häuslecher Gewalt zécken, fir eng Plainte anzereechen. An och wa si bei den Dokter ginn, well si blesséiert goufen, ginn et net ëmmer kloer Dokumentatiounen, déi um Geriicht kënne genotzt ginn, fir d'Dot ze beweisen.

Dokumentatioun vu Blessuren

D'Zil vun der Afferambulanz ass et, am Fall vu Gewaltakten déi physesch Verletzungen ze dokumentéieren. E Geriichtsmedeziner kënnt op d'Plaz, wou d'Affer sech behandele léisst, fir e Rapport auszestellen. D'Affer kritt e Certificat de documentation médico-légale, seet d'Josée Lorsché. D'Afferambulanz ass un de Staatslabo rattachéiert. D'Prozedur ass gratis.

Am Fall vu méi liichte Blessure kënnen d'Affer och op Diddeleng an de Staatslaboratoire goen, fir do eng Bestandsopnam ze maachen. Aus Sécherheetsgrënn kann de Geriichtsmedeziner net an der Wunneng vum Affer d'Analys duerchféieren, an och net an enger anerer Privatwunneng.

De Certificat gëtt anonymiséiert am Staatslabo archivéiert, fir ze verhënneren, datt en an d'Hänn vum Täter geréit. Eleng d'Affer selwer huet zéng Joer laang Zougrëff op d'Dokumenter.

Well ee Geriichtsmedeziner d'Dokumentatioun ausstellt, ka si am Fall vun enger Plainte viru Geriicht genotzt ginn. E Riichter kéint sou vill méi séier eng Decisioun huelen, wéi wa kee Beweis géif virleien, seet d'Andrée Birnbaum, Directrice vu Femmes en détresse.

Plainte keng Viraussetzung

Am Fall vun häuslecher Gewalt géifen allerdéngs vill Affer zécken, fir eng Plainte anzereechen. Den DP-Deputéierten a Generalist Edy Mertens seet, hien hätt Fäll materlieft, wou d'Affer trotz schlëmme Blessuren net hätt wéilte géint de Partner virgoen. "Dofir ass et wichteg, datt dee Service vun der Afferambulanz gratis ass, an datt et kee Prérequis ass, fir eng Plainte ze maachen."

Et wier wichteg, datt een net direkt misst eng Plainte maachen, seet och d'Andrée Birnbaum. Dat géif dacks fir zousätzlech Angscht suergen an dozou féieren, datt d'Affer guer näischt mécht.

All ëffentlech Fonctionnaire hätt am Prinzip d'Flicht, all Strofdot dem Parquet matzedeelen, seet den CSV-Deputéeirte Gilles Roth. D'Gesetz iwwert d'Afferambulanz erlaabt et engem Dokter, sech net un de Prinzip vun der obligatorescher Denonciatioun ze halen. Dem Affer soll den Drock vun enger automatescher Geriichtsprozedur ewech geholl ginn.

Eng weider Ausnahm gëtt et am Gesetz par Rapport zum Berufffsgeheimnis vun den Dokteren. "Hei gëtt et de Leit erlaabt, déi fir d'Afferambulanz schaffen, (...) Echangen ze hu mat den eenzelen Dokteren, ouni datt domadder hiert Beruffsgeheimnis a Fro gestallt wier", seet de Gilles Roth.

Och wann d'Afferambulanz fir all Gewaltakt op der Strooss oder Doheem kann agesat ginn, wäert si sech virun allem ëm Fäll vun häuslecher Gewalt këmmeren.