Et war eng verwirrend Woch am britesche Parlament. Den Accord vun der Premierministesch Theresa May mat der EU gouf en Dënschdeg fir d'zweet ofgeleent. Den Dag drop gouf e Brexit ouni Accord ausgeschloss, dat nëmme mat enger knapper Majoritéit, an obwuel keng legal Basis fir dës Motioun besteet.
En Donneschdeg huet dann eng grouss Majoritéit fir eng Verlängerung vun den Negociatioune gestëmmt, an der Hoffnung, datt d'EU dann och zoustëmmt. Souvill zu "Taking Back Control".
En neie Referendum?
Dat sollten u sech gutt Noriichte sinn an den Ouere vun der Anti-Brexit Campagne, mee do goung een an der Woch och e puer Schrack zeréck. Den Donneschdeg war nach eng aner Motioun um Dësch, fir en neie Referendum, proposéiert vun engem neie parlamentaresche Grupp vun Deputéiert, déi an de leschte Wochen hir sozial-demokratesch respektiv konservativ Parteie verlooss hunn.
D'Motioun gouf mat enger riseger Majoritéit ofgeleent: 85 dofir, 334 dogéint. De Gronn firwat d'Defaite sou grouss war: déi sougenannt People's Vote Campagne huet d'Sozialdemokrate gefrot, sech mat hire Stëmmen ze enthalen. Dat ass déi selwecht Campagne, déi dëse Samschdeg e Protestmarsch en Faveur vun engem neie Referendum organiséiert.
Sträit am Anti-Brexit Lager
De Gronn fir dës Logik: et wier nach net de richtege Moment fir iwwer en neie Referendum am Parlament ofzestëmmen. Et geet also ëm politesch Strategie. Elo hu sech dann och d'Anti-Brexit Politiker an Aktivisten an den Hoer.
Den Enthusiasmus fir de Marsch e Samschdeg schéngt op alle Fall an der Press e bësse gebremst. D'Organisateuren hoffen, datt nach méi Leit zesummekomme wéi am Oktober, wou geschat 700.000 Leit op de Stroosse vu London demonstréiert haten. De gréisste Protest hei zanter dem Irak Krich.
Theresa May presentéiert Deal eng drëtte Kéier am Parlament
Mee wéi vill politesche Wëlle fir en zweete Referendum besteet, schéngt ëmmer méi onkloer. Den neie Stëmmziedel géif zwou Optioune presentéieren: de Brexit stoppen, oder den Accord tëschent der EU an der britescher Regierung akzeptéieren. Eben deen Accord, deen d'Parlament schonn zweemol refuséiert huet. Brexit ouni Accord ass op d'mannst politesch hei vum Dësch.
D'Sozialdemokrate sinn zanter Kuerzem offiziell fir en neie Referendum, mee am Parlament huet sech dat nach net gewisen. Am léifsten hätt de Leader Jeremy Corbyn e Brexit mat enger Zollunioun. A weder d'Oppositioun nach d'Regierung wëlle bei den Europawahle matzemaachen, wat awer am Fall vun engem neie Referendum néideg wier.
Wat kloer ass, ass datt d'Premier Ministerin hiren Deal eng drëtte Kéier virun d'Parlament stelle wëll. An dës Kéier kéint si d'Hardcore-Brexiter, déi bis elo géint den Accord gestëmmt hunn, endlech op hir Säit kréien, well déi sou lues realiséieren, datt et soss iwwerhaapt näischt mam Brexit kéint ginn. Ob déi Stëmmen am Parlament duer ginn, ass eng aner Saach.