Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Tindersticks - Were We Once Lovers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Strooss vun der Hoffnung

Roxham Road

D'Strooss vun der Hoffnung

All Dag notze Refugiéen aus aller Welt eng kleng Strooss am Norde vum amerikaneschen Bundesstaat New York, fir op dësem Wee a Kanada anzereesen an Asyl ze froen. Illegal ass dat zwar net, mee trotzdeem suergt d'Strooss fir Diskussiounen an stellt e Vertrag a Fro, deen d'Asylrecht tëschent béide Länner reegelt.

auto_stories

4 min

Just nach e puer Meter trennen de jonke Mann vun der Hoffnung op e bessert Liewen. Elo awer ziddert hien nach, viru Keelt a virun Angscht. Just eng Wallis an e Rucksak huet hie bei sech. Virun engem Mount ass hien aus senger Heemecht Bangladesch geflücht, huet zanterhier an den USA gelieft, wëllt awer elo a Kanada Asyl froen.

Kuerz virum Grenzpotto bleift hie stoen, op der anerer Säit informéiert ee Polizist hien, datt et illegal ass, dëse Grenziwwergang ze benotzen an hie festgeholl gëtt, wann hien eriwwer géif kommen. De Mann seet lues Ok, hëlt seng Wallis, geet laanscht de Potto a gëtt vum Polizist an e klengt Haische bruecht.

"D'Angscht huet Iwwerhand"

Et ass eng Zeen, wéi se sech op der Roxham Road zanter 2017 all Dag ëmmer nees widderhëlt. Déi kleng Landstrooss am Bundesstaat New York ass nämlech fir vill Refugiéen den einfachste Wee a Kanada anzereesen. Géife si sech op engem offizielle Grenziwwergang presentéieren, kéinten d'kanadesch Autoritéiten hinnen d'Arees verbidden.

Dat sougenannte Safe Third Country Agreement tëschent béide Länner seet, datt Refugiéen, déi an d'USA areesen oder do liewen, och do mussen Asyl ufroen. Dëse Vertrag gëllt awer nëmmen op offiziellen Iwwergäng, net fir d'Roxham Road.

D'Janet McFetrirdge kënnt zanter iwwer zwee Joer op d'Roxham Road fir de Flüchtlinge Courage ze maachen an hinne mat Wantergezei oder Iessen ze hëllefen. Sie weess, datt si hei gebraucht gëtt:

"Si hunn Hoffnung, mee d'Angscht huet ganz kloer d'Iwwerhand an deem Moment. Wann ech hinnen hei begéinen, trenne si nach ongeféier zéng Schrëtt vu Kanada, an ech gesi virun allem Angscht an hire Gesiichter. Si wëssen net genee, wat si hei erwaart a froen, ob d'Police op si schéisst oder ob si lafe sollen."

Niewent dem Mann aus Bangladesch kommen deen Dag och nach zwee Teenager aus Nigeria, zwou Famille mat klenge Kanner aus dem Noen Osten, eng Grupp Männer aus Haiti a vill anerer mat Taxien aus der Klengstaat Plattsburgh ugereest. Virum Mikro wëllt awer kee vun hinnen eppes soen.

Grenziwwergang gëtt ëmmer méi populär

Am Fréijoer 2017, kuerz no der Vereedegung vum Donald Trump, sinn d'Flüchtlingszuelen hei op der Roxham Road staark geklommen. Zanterhier hunn iwwer 50.000 Mënschen de klenge Wee genotzt. Vill vun hinne wëllen net an den USA bleiwen, well si sech duerch d'Politik vun der aktueller Regierung a Gefor gesinn, seet Janet McFetridge:

"Ech probéiere mech aus dem politesche Volet vum Ganzen erauszehalen, well ech et an deem Moment als eng mënschlech Saach gesinn, mee besonnesch, wéi et ugefaangen huet, si Leit aus allen Ecke vun Amerika heihi komm a vill vun hinne soten, datt si sech an den USA net méi sécher géife fillen."

Fir d'Leit an der Ëmgéigend ass d'Roxham Road mëttlerweil normal ginn, seet d'Brandy, eng Taxichauffesch aus der Stad Plattsburgh, déi zanter dräi Joer Refugiéë vun der Gare oder dem Busarrêt op d'Grenz bréngt: "Et geet mëttlerweil schonn esou laang, datt mir eis dorunner gewinnt hunn. Déi vill Flüchtlingen, déi hei ukommen, stéieren net wierklech den Alldag vun de Leit hei."

A Kanada gesäit een dat anescht aus. Déi konservativ Partei hat bei der leschter Wal ugekënnegt, de Safe Third Country Agreement och op Iwwergäng wéi d'Roxham Road ze applizéieren. Dem Justin Trudeau seng liberal Partei sprécht sech dogéint aus, mee wëllt um Ofkommes festhalen.

Sinn d'USA e séchert Hierkonftsland?

De Moment gëtt zu Toronto viru Gericht doriwwer entscheet, ob et legitim ass, datt Kanada Refugiéen ofweist an zeréck an d'USA schéckt. D'Janet Dench vum Canadian Council for Refugees seet, d'USA wiere kee séchert Land méi fir Refugiéen:

"Déi meeschte Leit, déi Kanada ënner dem Safe Third Country Agreement refuséiert, ginn an den USA vun den Autoritéiten an Detentioun gehalen, wat géint hir Rechter verstéisst. Dëse Virgang erschwéiert et de Refugiéen an den USA iwwerhaapt Asyl ze froen"

An esou bleift ville Mënsche just dëse klenge Feldwee, d'Kräizung vun der Welt wéi d'Janet McFetrirdge et nennt, op hirer Sich no engem bessere Liewen.