Commerce D'ULC kritiséiert dat neit Gesetz iwwer d'Präisgestaltung wärend de Solden

Een neit Gesetz suergt dofir, datt Verbraucher och wärend de Soldë vu reelle Promotioune profitéiere kënnen. D'Gesetz ass zënter November a Kraaft. Et baséiert op enger europäescher Direktiv, déi virgesäit, datt Promotioune sech ëmmer op den niddregste Präis aus de leschten 30 Deeg bezéie mussen. Fir de Konsumenteschutz ULC ass dat eng Reegelung, déi zwar gutt gemengt ass, mee bei där awer nach vill Froen opstinn.

Jo Diseviscourt / cz

Solden Symbolbild
Foto: picture alliance / Snowfield Photography

Lauschteren


Fir datt Konsumente wärend de Solde bei der Sich nom beschte Präis net méi getäuscht kënne ginn, suergt eng europäesch Direktiv. Bei enger Promotioun muss de prix barré - also den alen Originalpräis - den niddregste Präis aus de leschten 30 Deeg sinn. Domadder soll verhënnert ginn, datt Geschäfter de Präis puer Deeg virun der Promotioun an d'Luucht setzen, an de Keefer gleewen dinn, si géifen eng gutt Affär maachen. Fir online Plattforme wéi Letzshop oder Amazon si mat dem neie Gesetz awer keng nei Obligatiounen entstanen. Et ass weiderhin erlaabt, als Referenzpräis de prix de vente conséillé vum Fabrikant unzeginn. Ee Kritikpunkt un der neier Reglementatioun fënnt de Bob Schmitz, deen de Konsumenteschutz ULC zu Bréissel representéiert.

"An dann, wann ee kuckt wéi zum Beispill Amazon, déi hu lo selwer eng Pratique agefouert, wou dräi verschidde Cas de Figure sinn. An do hu mir awer deelweis eis Zweiwel, besonnesch wat si ënnert "ancien prix" bezeechnen, op dat wierklech der neier Reglementatioun entsprécht."

D'Erklärunge wieren awer dacks komplizéiert a schwéier ze verstoen. De Verbraucher kéint och net ëmmer kontrolléieren, ob Commerçante sech effektiv un déi nei Reegel halen.

ULC: Zoustännege Service am Konsumenteschutzministère huet déi néideg Ressourcen

Hei am Land wier theoretesch de Ministère fir Konsumenteschutz dofir zoustänneg. Ob deen déi néideg Ressourcen dofir hätt, d'Anhale vum Gesetz ze iwwerwaachen, zweiwelt de Bob Schmitz allerdéngs un, well dee Service relativ wéineg Ressourcen hätt.

"Si kruten zwar lo zwee nei Inspecteuren bei der Adoptioun vun der neier europäescher Direktiv zougestanen. Mee si hunn sou wéineg Ressourcen, datt et schwéier ass, dat elo systematesch ze applizéieren."

D'ULC huet sech scho mat enger Rei Froen un de Ministère geriicht. Zum Beispill, ob et duergeet, wann de Verkeefer den Autoritéite beweise kann, datt effektiv den niddregste Präis aus de leschten 30 Deeg als Referenz geholl gëtt, oder op dat och systematesch vis-à-vis vum Keefer beluecht muss ginn.

Méi zum Thema

Symbolbild Konsument
Präisdeierecht

Konsumente sinn dagdeeglech mat der Präishausse confrontéiert. De Konsumenteschutz fuerdert ënner anerem, datt d'Energiepräisser regléiert ginn. D'Angscht vun der Präisdeierecht wier däitlech ze spieren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen