Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Uni Lëtzebuerg positionéiert sech am New Space

New-Space-Secteur

D'Uni Lëtzebuerg positionéiert sech am New Space

An engem neie Studiegang op der Uni Lëtzebuerg, dem interdisziplinäre Space-Master sollen d'Studenten nieft dem technesche Volet och déi néideg ekonomesch Kompetenzen am Business a Management-Beräich sammelen. Duerch déi nei Spezialiséierung soll sech de Standuert Lëtzebuerg nom Wonsch vun den zoustännege Ministere Schneider a Meisch am sougenannten New-Space-Beräich europawäit un der Spëtzt positionéieren.

auto_stories

3 min

Et wéilt een am Weltraum-Domaine international Exzellenz erreechen a gläichzäiteg déi national Ekonomie stäerken, seet de Claude Meisch, Minister fir Héichschoul a Recherche. Dofir wier et wichteg, datt Lëtzebuerg déi néideg Formatioune schaaft, fir datt déi gefrote Kompetenze fir de Beräich ugebuede kënne ginn, esou de Wirtschaftsminister Etienne Schneider.

D'Ausbildung vu Spezialisten an deem Beräich wier ganz wichteg, fir datt de Wirtschaftsdeel vun de Space-Technologien zu Lëtzebuerg sech kéint weiderentwéckelen. Et wéilt ee Lëtzebuerger Residenten d'Méiglechkeet ginn, fir an engem Secteur mat groussem Potential ze schaffen, sou den Etienne Schneider.

Wëssenschaftlech an technesch Interdisziplinaritéit, Co-Finanzéierung vum Staat a Privatfirmen

De Studiegang soll sech virun allem duerch eng wëssenschaftlech an technesch Interdisziplinartiéit auszeechnen, esou de Claude Meisch. Verschidde Fakultéite vun der Uni Lëtzebuerg géife mat engem interdisziplinären Zenter, dem SNT zesummeschaffen an och Acteuren aus der Ekonomie géife matschaffen.

De Master-Programm gëtt ënner anerem vum Wirtschaftsministère an der Lëtzebuerger Space Agence ënnerstëtzt a wäert tëschent de Joren 2018 an 2021 ronn 4,5 Milliounen Euro brauchen. Investissementer, déi mat engem gewëssene Risiko verbonne sinn.

Zwar wier de Master a senger Form nei an eenzegaarteg an Europa, mee et géif een net bei 0 ufänken, seet de Stéphane Pallage, Rektor vun der Uni Lëtzebuerg. "Tatsächlech hu mir aktuell 40 Recherche-Projeten am Space-Domain, déi finanzéiert oder co-finanzéiert gi vu Firmaen, wéi zum Beispill Space Agency, SES, Lux-Space an aneren."

Wichteg fir d'Zukunft: E legale Kader

Wichteg war virop, e legale Kader fir de gesamte Space-Secteur ze schafen, esou den Etienne Schneider. "E legale Kader, firwat? Mee well et eigentlech keen internationalen legale Kader gëtt. et gëtt just den Traité vun de Vereenten Natioune vun 1967." An deem sougenannte Weltraumvertrag vun 1967 ginn déi aktuell Entwécklungen a Richtung Erfuerschung an Exploitatioun vum Weltall net explizit thematiséiert. Mat Hibléck op d'Investisseure bräicht een awer e legale Kader, well, "wann Dir Investisseure sicht an Dir kënnt deenen net garantéieren, datt dat wat Dir am Weltraum maacht oder fannt och ka kommerzialiséiert ginn, dann hutt Dir e Problem.

Dofir huet ee sech op e legale Kader beruff, deen et esou scho gëtt an deen zanter Joerzéngten an engem anere Beräich applizéiert gëtt. Et mécht een e Parallelismus zum Traité vun de Vereenten Natiounen iwwer d'Ozeaner. "Déi dierf och kee Land besëtzen, mee jiddwereen dierf dohi goen an déi Fësch, déi e fänkt, dierf en dann och kommerzialiséieren an en dierf also och Proprietär dovu sinn", seet den Etienne Schneider.

Angscht, datt sech de Studiegang net rentéiere géif, gesäit den Etienne Schneider net a verweist op déi enorm Nofro u qualifizéiertem Personal, déi am Secteur besteet. Et hätt een éischter Angscht, datt een Entreprisen aus dem Secteur unzitt, mee net genuch Leit bereet sti fir vakant Positiounen ze fëllen, esou de Wirtschaftsminister.