Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Vertrauen an d'Police ass grouss"

Policereform

"D'Vertrauen an d'Police ass grouss"

Duerch d'Policereform gëtt d'Police méi disponibel fir d'Leit an ass méi um Terrain present, esou de Philippe Schrantz. Korruptioun wier kee Phenomen, seet de Generaldirekter vun der Police.

auto_stories

2 min

headphones

19 min

D'Populatioun wéilt méi Visibilitéit a Presenz vun der Police, esou de Philippe Schrantz. D'Kriminalitéit am Land géif net zouhuelen, an dat hätt mat der gudder eegener Aarbecht ze dinn.

Image vun der Police ass gutt

Et wier awer net ëmmer evident den Image vun der Police héich ze halen, esou de Philippe Schrantz. Am Allgemenge wier d'Vertrauen an d'Police zu Lëtzebuerg grouss, dat géife rezent Etüde beleeën. Wann d'Police präventiv schafft, da wieren d'Leit frou, seet de Generaldirekter vun der Police.

Et hätt een awer och repressiv Missiounen, "an dat mécht deemjéinegen, deen dann an eng Kontroll fält, net onbedéngt Freed". Wann een 100 Saache géif gutt an awer ee Feeler géif maachen, da kréich een dee Feeler net verzien.

Korruptioun ass kee Phenomen bei der Police

Am GRECO-Rapport vum Conseil de l'Europe iwwer Lëtzebuerg gëtt kritiséiert, datt et un enger Strategie géint d'Korruptioun feelt, an datt et keen Deontologieskodex fir Poliziste gëtt. D'Police hätt awer eng Charte des valeurs, déi am Gaange wier iwwerschafft ze ginn, an déi de Polizisten eng gewësse Richtlinn géif virzeechnen. De Philippe Schrantz seet och, datt d'Police, déi am meeschte kontrolléierte Staatsverwaltung wier: "Mir gi kontrolléiert vun der Inspection générale, vun der Autorité judiciaire, vun der Press, vum Bierger mat sengem Smartphone, an esou weider". Korruptioun wier bei der Police zu Lëtzebuerg kee Phenomen, ënnersträicht de Generaldirekter.

Duerch d'Reform vun der Police géif de Beruff vum Polizist méi attraktiv ginn, och duerch d'Aféierung vun zwou neie Carrièren. Mat der Policereform, déi den 1. August a Kraaft wäert trieden, gëtt d'Police nei opgestallt. Aus sechs Regioune wäerten der véier ginn. An Zukunft schaffen 13 Kommissariater 24 Stonnen op 24, anerer sinn daagsiwwer fir d'Leit op vun eng bis dräi Auer.